
Mat 37 Sekonne Retard koum d’Hollännerin Lucinda Brand op déi zweete Plaz. Och déi drëtte Plaz war fir eng Hollännerin. D’Puck Pieterse hat e Réckstand vu 50 Sekonnen. No de bis elo formidabele Resultater vun der Lëtzebuergerin Marie Schreiber hat si e Sonndeg net grad esou e gudden Dag erwëscht a koum op déi 17. Plaz, dat op 4 Minutten an 2 Sekonnen.
1 VAN ANROOIJ Shirin 47:02
2 BRAND Lucinda 0:37
3 PIETERSE Puck 0:50
4 BACKSTEDT Zoe 1:01
5 VAS Blanka Kata 1:17
6 HONSINGER Clara 1:24
7 WORST Annemarie 1:35
8 BAKKER Manon 1:48
9 VAN ALPHEN Aniek 2:14
10 VAN DER HEIJDEN Inge 2:30
...
17 SCHREIBER Marie 4:02
Bei den Häre konnt sech de Mathieu van der Poel déi éischt Plaz sécheren. Den Hollänner hat eng Avance vu 27 Sekonnen op de Belsch Wout van Aert a vu 54 Sekonnen op den Thomas Pidcock aus Groussbritannien.