
Um Ufank vun der Etapp huet sech e klenge Grupp vun 3 Leit ofgesat, déi och d’Punkten op den éischte Bierger konnte sammelen. Hiren Ecart war op eppes iwwer véier an eng hallef Minutt geklommen, ma dono huet de Peloton fir Tempo gesuergt a si erëm agefaangen. De séieren Tempo vum Peloton war vun Nodeel fir de Chris Froome, dee matzen an der Course gefall ass an zu deem Ament iwwer 7 Minutte Retard op d’Spëtzt hat.
Et war aus dem Peloton eraus, wéi de Gewënner vun der Course sollt entscheet ginn. Zum Schluss hat de Matthews déi beschte Been a konnt sech virum Valverde an dem Impey duerchsetzen.
De Leader Thomas de Gendt ass mat dem Peloton iwwert d’Arrivée gefuer a verdeedegt domadder säi Virsprong. De Coureur aus der Belsch ass dann aktuell och de Leader an der Course ëm de Sprint- a Biergtrikot.
De Ben Gastauer ass 12 Sekonnen hannert dem Gewënner an d’Zil gefuer, dat als 63. Am Generalklassement läit de Lëtzebuerger op der 59. Plaz mat engem Retard vun 3 Minutten an 10 Sekonnen op den Thomas de Gendt.