Tour duerch den Oman3. Etapp geet un den David Gaudu, Michel Ries op Plaz 33

RTL Lëtzebuerg
Am Tour duerch den Oman war um Méindeg déi drëtt Etapp. Et goung iwwer 180 hiwweleg Kilometer, mat enger Schlussmontée vu knapp 5 Kilometer.
© ANDER GILLENEA / AFP (Archiv)

Gewonnen huet de Fransous David Gaudu, deen och neie Leader am General ass. De Michel Ries gouf den 33ten op 1 Minutt a 25 Sekonnen. De Luc Wirtgen huet opginn.

Am Generalklassement huet de Gaudu elo 6 Sekonne Virsprong op den Adam Yates aus Groussbritannien. Plaz 3 geet aktuell un den Damien Howson aus Australien. De Michel Ries läit op Plaz 60, dat mat 9 Minutte 14 Sekonne Réckstand.

Back to Top
CIM LOGO