VIDEO: Granfondo Schleck3000 Cyclisten beim Granfondo Schleck um Depart

RTL Lëtzebuerg
Scho kuerz nom Depart konnt ee feststellen, dass net all déi 3000 Cyclisten, mat der Absicht op Mondorf komm waren fir gemitterlech d'Land ze entdecken.
3000 Cyclisten beim Granfondo Schleck um Depart
Scho kuerz nom Depart konnt ee feststellen, dass net all déi 3000 Cyclisten, mat der Absicht op Mondorf komm waren fir gemitterlech d’Land ze entdecken.

Beim 1. Ravi sinn se laanscht gejauft, fir nëmme keng Zäit ze verléieren, woubäi anerer hale bliwwe sinn, fir e bëssen ze diskutéieren, an sech ze stäerken fir de Rescht vun der Streck.

Op der Arrivée hunn sech dunn déi lescht Zweiwel an der Loft opgeléist. Hei waren Cyclisten, mat 50km an der Stonn ënnerwee, déi op der Juegd sinn no Punkten, fir sech fir d’Weltmeeschterschaft vum Gran Fondo ze qualifizéieren. De Kompetitiounsgeescht, a sech, ass awer beim Gran Fondo zweetrangeg.

D’Participanten haten de Choix tëschent 2 Distanzen. Dem Gran Fondo mat 150km an dem Medio Fondo mat 100 km. D’Motivatiounen, fir déi kuerz oder déi laang Streck ze wielen, waren ënnerschiddlech.

De Gran Fondo schéint nach net bei den Dammen ukomm ze sinn. Et waren der jiddefalls räichlech wéineg um Depart

Villäicht gëtt d’Gläichgewiicht, tëschent weiblechen a männlechen Cyclisten, iergendwann hiergestallt. Beim Pump Track, eng Vëlosinitiatioun fir Kanner, waren jiddefalls béid Geschlechter gutt vertrueden.

Back to Top
CIM LOGO