No enger spannender Course konnt sech de Co-Equipier vum Bob Jungels de Zdenek Stybar virun der Konkurrenz behaapten. Den 33 Joer ale Cyclist ass an de leschte Kilometer aus dem Spëtzegrupp erausgefuer a konnt sech en solitaire duerchsetzen.
Am 2. gréissere Grupp koum de Jempy Drucker an de Bob Jungels un - hei war den Drucker am Sprint am séiersten a konnt sech déi 6. Plaz sécheren, dat mat engem Ecart vu 26 Sekonnen op de Stybar. De Lëtzebuerger Champion ass zäitgläich als 16. iwwer d’Ligne d’Arrivée gefuer.
No engem groussen Opwand vum Tom Wirtgen an der 1. Hallschecht vun der Course, huet de jonke Lëtzebuerger missen opginn. Den Alex Kirsch gouf iwwerdeems 109., dat op 8 Minutten a 36 Sekonnen.
1 Zdenek Stybar (Deceuninck-Quick Step) 4:53:23
2 Greg Van Avermaet (CCC) 0:00:09
3 Tim Wellens (Lotto Soudal) 0:00:09
4 Alexey Lutsenko (Astana) 0:00:09
5 Dylan Teuns (Bahrain Merida) 0:00:09
6 Jean-Pierre Drucker (Bora-Hansgrohe) 0:00:26
7 Yves Lampaert (Deceuninck-Quick Step) 0:00:26
8 Philippe Gilbert (Deceuninck-Quick Step) 0:00:26
9 Matteo Trentin (Mitchelton-Scott) 0:00:26
10 Oliver Naesen (Ag2R La Mondiale) 0:00:26
...
16 Bob Jungels (Deceuninck-Quick Step) 0:00:26
...
109 Alex Kirsch (Trek-Segafredo) 0:08:36
...
DNF Tom Wirtgen (Wallonie-Bruxelles)
Beim éischte richtegen Test vun der neier Saison hu bei der 74. Editioun vum Omloop Het Nieuwsblad ronn 200 Kilometer op d’Coureure gewaart. Mat dobäi waren och véier Lëtzebuerger: Den Tom Wirtgen (Wallonie- Bruxelles), den Alex Kirsch (Trek-Segafredo), de Jempy Drucker (Bora HansGrohe) an de Bob Jungels (Deceunink – Quickstep).
De Peloton hat vun Ufank u mat engem relativ staarke Wand ze kämpfen, wat d’Positionéiere fir déi beschte Plazen net onbedéngt erliichtert huet.
Aus Lëtzebuerger Siicht ass d’Course mouvementéiert ugaangen. Den Tom Wirtgen, dee seng éischte Continental-Course absolvéiert huet, war voller Energie an ass direkt bei Kilometer 5 mat dräi anere Coureuren aus dem Peloton gesprongen. D’Echappé krut eng maximal Avance vu ronn 13 Minutten, mä 90 Kilometer virun der Ligne d’Arrivée hat si just nach ee Virsprong vu 6 Minutten op d’Haaptfeld. Do gouf den Tempo lues awer sécher ugezunn, dat ënnert dem Impuls vum Bob Jungels senger Ekipp Deceunink - Quickstep.

Ëmmer nees goufen et aus dem Peloton eraus d’Tempoverschäerfungen, déi de Virsprong vun der Echappé schmëlze gedoen huet.
De Bob Jungels huet mat senger Ekipp 60 Kilometer virum Enn op den Tempo gedréckt a koum ëmmer méi no. 56 Kilometer waren nach ze fueren, wéi dunn awer eng Chute d’Haaptfeld opgerëselt huet an d’Avance vun der Echappé erëm klamme gedoen huet.

Mat vir dobäi war ganz laang den Tom Wirtgen, deen eng formidabel Course gefuer ass. Ma 40 Kilometer virun der Ligne d’Arrivée konnt de jonke Lëtzebuerger den Tempo net méi mat halen an ass zeréck gefall. Am weidere Verlaf vun der Course hu sech dunn ëmmer nees Coureuren aus dem Peloton ofgesat an hunn et op eege Fauscht probéiert. Dëst huet mat sech bruecht, datt d’Course immens nervös war an et ëmmer erëm bal zu Chutë koum.

Géint der Enn hi gouf et du richteg spannend, well d’Favoritten op d’Victoire sech weise wollten. Philippe Gilbert, Greg Van Avermaet a Co. hunn ëmmer nees Impulser gesat a sech esou géigesäiteg op d’Form getest.
25 Kilometer virum Schluss waren insgesamt 6 Coureure vir, 16 Sekonnen do hannendrun huet sech ee Grupp forméiert, an deem och de Bob Jungels dra vertruede war. Och de Jempy Drucker ass eng gutt Course gefuer - och hien huet sech ëmmer nees gewisen a konnt mat de Favoritte mathalen.
An déi leschte Montée vum Dag ass et du fir de Grupp vum Van Avermaet gaangen - dësen huet dunn och sec ugezunn, koum awer net richteg ewech. Do hannendrun hunn de Jungels an den Drucker nach ëmmer gutt ausgesinn an hunn am 2. gréissere Grupp matgehalen.

D’Schlussphas war spannend: 5 Kilometer virun Enn war d’Avance vun de 6 Leit un der Spëtzt genee 30 Sekonnen. Aus dësem Grupp eraus huet dunn den Zdenek Stybar attackéiert an d’Konkurrenz no der Tempoverschäerfung vum Tim Wellens stoe gelooss.
Ganz staark do hannendrun war d’Leeschtung vun de Lëtzebuerger. Am Sprint an der Verfolgergrupp war de Jempy Drucker de Mann mat de beschte Been a konnt sech um Enn déi 6. Plaz kropen - do hannendru war och de Bob Jungels mat dobäi.
