Giro d'ItaliaAlex Kirsch fir déi éischte Kéier um Depart

Tom Flammang
Fir den 30 Joer jonke Coureur vun Trek-Segafredo geet et no de Klassiker elo an den Giro d`Italia.
© Trek-Segafredo

No Paris-Roubaix ass den Alex Kirsch nees zréck op Andorra gereest fir sech virzebereeden. Ouni de Giulio Ciccone, dee krank ginn ass, huet déi amerikanesch Ekipp kee Coureur fir d’Generalklassement. Physesch a mental ass de Lëtzebuerger prett.

Alex Kirsch 1
Giro d’Italia

De Mads Pedersen gëtt am Giro zu 100 Prozent ënnerstëtzt. Chancen op eng Etappe Victoire ginn et der puer, de Pedersen kënnt gutt iwwer d`Bierger, an op der enger Etapp ginn et och e puer Fräiheete fir de Lëtzebuerger. Éischt Prioritéit ass awer eng Victoire vum Ex-Weltmeeschter.

Alex Kirsch 2
Giro d’Italia

Als grouss Favoritten op d`Victoire ginn de Primoz Roglic an de Remco Evenepoel gehandelt. Fir den Alex Kirsch ass dat an enger sou laanger Course iwwer dräi Woche keng Garantie, dat si um Enn ganz Uewen um Podium stinn.

Alex Kirsch 3
Giro d’Italia

Back to Top
CIM LOGO