Tour duerch NorwegenAlex Kirsch gëtt de staarke 5. op der 3. Etapp

RTL Lëtzebuerg
Am Tour duerch Norwegen gëtt den Alex Kirsch op der 3. Etapp de staarke 5.. Gewonnen gouf d'Etapp vum Edvald Boasson Hagen.
© Pressphoto (Archiv)

Op der 3. Etapp ass et iwwer 179,7 km vu Lyngdal op Kristiansand gaangen an do konnt den Alex Kirsch op e Neits mat enger staarker Prestatioun op sech opmierksam maachen. Gläichzäiteg mam Gewënner Edvald Boasson Hagen gëtt de Lëtzebuerger de 5.. Op d’Plazen 2 an 3 koumen de Joris Nieuwenhuis an den Alexander Kristoff.

Schonn um Mëttwoch op der 2. Etapp konnt de 26 Joer ale Coureur aus dem Grand-Duché vu Trek-Segafredo déi nämlecht Plaz afueren. Hei konnt sech den Alvaro Hodeg duerchsetzen.

Am General läit den Alex Kirsch mat engem Retard vu 17 Sekonnen op der gudder 11. Plaz.

Back to Top
CIM LOGO