Gent-WevelgemAlexander Kristoff gewënnt am Massesprint

RTL Lëtzebuerg
Déi 81. Editioun vu Gent-Wevelgem a Flanderen ass fir den Alexander Kristoff. Hie konnt sech virum John Degenkolb an Oliver Naesen behaapten.
© pressphoto.rtl.lu

Als schwéier Aufgab hu virun allem zolidd Pavé-Secteuren an de Kemmelberg op d’Cycliste gewaart – awer och de Moneberg an de Baneberg huet et geheescht hannert sech ze bréngen. Déi 251,5 Kilometer haten et deemno a sech.

Mam Tom Wirtgen vu Wallonnie-Bruxelles ass bei der Hären-Elite deen eenzege Lëtzebuerger un de Start gaangen - hien ass d’Course awer net op en Enn gefuer.

Et war eng ganz animéiert Course mat villen Tempo-Verschäerfungen a géie Montéeën - och de Wand huet de ganzen Dag iwwer eng Roll gespillt. 25 Kilometer virum Enn war ee Grupp mat 5 Leit eng déck hallef Minutt vir, dorënner och de Peter Sagan, Matteo Trentin a Luke Rowe. Ënnert dem Impuls vum Philippe Gilbert ass de Peloton awer ëmmer méi no un de Spëtzegrupp erukomm an huet dëse Schliisslech 17 Kilometer viru Schluss ageholl.

Duerno goufen et ëmmer nees Attacken aus dem Haaptfeld eraus, ouni datt sech awer een hätt kéinten ofsetzen - den Tempo war einfach ze séier, datt ee richteg fortfuere konnt. Um Enn sollt ech schliisslech zu engem Massesprint kommen, aus deem den Alexander Kristoff als Gewënner ervirgaangen ass.

Top 10 Klassement

1 Alexander Kristoff (UAE Emirates)
2 John Degenkolb (Trek-Segafredo) 0:00:00
3 Oliver Naesen (AG2R La Mondiale) 0:00:00
4 Mathieu van der Poel (Corendon-Circus) 0:00:00
5 Danny van Poppel (Jumbo-Visma) 0:00:00
6 Adrien Petit (Direct Energie) 0:00:00
7 Matteo Trentin (Mitchelton-Scott) 0:00:00
8 Rüdiger Selig (Bora-Hansgrohe) 0:00:00
9 Matej MOhoric (Bahrain Merida) 0:00:00
10 Jens Debusschere (Katusha Alpecin) 0:00:00

An der Dammen-Elite war d’Christine Majerus um Depart. Schwéier 137 Kilometer hunn op d’Lëtzebuerger Championne vun der Formatioun Boels gewaart. Um Enn ass eng 48. Plaz fir si erausgesprongen.

FOTOGALERIE: Impressioune vun der Course op pressphoto.rtl.lu

Back to Top
CIM LOGO