Interview mam Michel RiesAm Giro d‘Italia war um Méindeg den zweeten Roudag

RTL Lëtzebuerg
Am Generalklassement ass de Bruno Armirail elo am rosa Maillot vum Leader.

De Fransous huet eng Avance vun 1. Minutt an 8 Sekonnen op den Geraint Thomas an vun 1. Minutt 10 op de Primoz Roglic.

Beim Tour duerch Italien sinn och nach ëmmer 3 Lëtzebuerger dobäi. De Bob Jungels ass den 50. op ronn 58 Minutten, de Michel Ries kënnt op der Plaz 86 op ronn 2 Stonnen.

Roudag am Giro
Interview mam Michel Ries

Den Alex Kirsch ass am General den 106. op 2 Stonnen 25. Um Dënschdeg ass déi 16. Etapp iwwer 203 schwéier Kilometer vun Sabbio Chiese op de Monte Bondone erop.

Back to Top
CIM LOGO