Bike Park Boy KonenAndréck vum Bike Festival zu Zéisseng

RTL Lëtzebuerg
E Laser-Gewier, e Mountainbike an en attraktive Parcours, a schonns steet eng originell Form vum Biathlon op de Been.
Bike Festival zu Zéisseng
Am Bike Park Boy Konen war de Weekend de Bike Festival.

Ah jo, net ze vergiessen, et muss eng Ekipp mat 4 Sportler um Depart sinn. Do kann d’Saach scho méi komplizéiert ginn. Kënnt nach derbäi, dass eng Damm muss an der Ekipp sinn. Kéint ee sech och 3 Dammen an 1 Här virstellen.

2 Ronnen um Vëlo fir jidder Member vun der Grupp an 2 Mol 5 Léiserschëss. Fir all verfeelte Schoss muss eng Strofronn gedréint ginn. Dës originell Manifestatioun gouf am Kader vum Bikefestival organiséiert.

De ganze Weekend gouf et eng Abberzuel vun Aktivitéite ronderëm de Vëlo.

Back to Top
CIM LOGO