Bei der 116. Editioun vu Paris-Tours gewënnt den Arnaud Démare virum Edward Theuns an dem Sam Bennett. D’Decisioun sollt op de leschte Meter am Sprint falen, nodeems de Peloton eng Echappée, an där och de Lëtzebuerger Alex Kirsch dobäi war, kuerz virun der Arrivée afänke konnt.
An der leschter Course vun der Saison feiert den Arnaud Démare déi 91. Victoire a senger Carrière.
Op Lëtzebuerger Säit waren den Alex Kirsch an de Kevin Geniets um Start. Béid Lëtzebuerger hu sech an der Course gewisen. De Kevin Geniets huet e puer Mol aus dem Peloton eraus attackéiert, den Alex Kirsch hat sech 60 km virun der Arrivée mat enger Grupp vum Peloton ofgesat. D’Grupp vum Alex Kirsch sollt sech bis 2 Kilometer virun der Arrivée un der Spëtzt hale kënnen, gouf dunn awer vum Peloton agefaangen.
Den Alex Kirsch kënnt um Enn op déi 54. Plaz an de Kevin Geniets klasséiert sech als 80.
1 DÉMARE Arnaud 4:53:01
2 THEUNS Edward ,,
3 BENNETT Sam ,,
4 CONSONNI Simone ,,
5 MOZZATO Luca ,,
6 VAN GESTEL Dries ,,
7 DUJARDIN Sandy ,,
8 LOUVEL Matis ,,
9 CAPIOT Amaury ,,
10 HOFSTETTER Hugo ,,
...
54 KIRSCH Alex 1:42
80 GENIETS Kevin 5:00