
De Peloton ass mat villen Top-Fuerer besat, an och dräi Lëtzebuerger si mat derbäi. Den Arthur Kluckers fiert eng éischte Kéier am neien Trikot. Den 22 Joer ale Coureur mécht nämlech e Stage beim Team Emirates, der Ekipp also vum Tour de France-2. Tadej Pogacar.
Nieft dem Arthur Kluckers ass och nach de Loïc Bettendorff fir Riwal am Asaz an de Michel Ries fir Arkéa Samsic.