Um Sonndeg war déi lescht Etapp vun der Flèche du Sud iwwer 140 Kilometer. De Start an d’Arrivée waren zu Esch.
An do gouf et eng Lëtzebuerger Victoire. Den Arthur Kluckers hat um Enn d’Nues vir. Den Ivan Centrone als 6. an den Tom Paquet als 13. hunn dat gutt Resultat aus Lëtzebuerger Siicht ofgeronnt.
D’Schlussvictoire vun der Flèche du Sud war fir de belsche Coureur Thibau Nys. Den Thomas Bonnet gouf den Zweeten mat engem Retard vun 2 Sekonnen. Op Plaz 3 mat 11 Sekonne Réckstand koum de Mika Heming. Beschte Lëtzebuerger war den Tom Paquet op der 7. Plaz. Den Arthur Kluckers an den Ivan Centrone hu sech als 15. an 30. am Generalklassement klasséiert.
1 KLUCKERS Arthur Leopard Pro Cycling 3:13:02
2 JANSSEN Lucas BEAT Cycling ,,
3 BAUGNIES Jérôme Team Metalced 1 1 ,,
4 DAEMEN Stijn BEAT Cycling ,,
5 APPEL Stijn ABLOC CT ,,
6 CENTRONE Ivan Luxembourg ,,
7 HARVEY Dean Ireland ,,
8 VERMEULEN Moran Team Felbermayr - Simplon Wels ,,
9 MALMBERG Matias Team ColoQuick ,,
10 JOHNSON Cooper Aevolo ,,
...
13 PAQUET Tom Luxembourg ,,
1 NYS Thibau Baloise - Trek Lions 15:36:11
2 BONNET Thomas Vendée U 30 0:02
3 HEMING Mika ATT Investments 0:11
4 SCHUERMANS Jens BEAT Cycling 0:13
5 WEULINK Meindert ABLOC CT 0:16
6 BOUTS Jordy BEAT Cycling 0:17
7 PAQUET Tom Luxembourg ,,
8 PETER Jannis P&S Benotti ,,
9 BAK Simon Team ColoQuick 0:20
10 MACLEOD Callum ABLOC CT ,,
...
15 KLUCKERS Arthur Leopard Pro Cycling 0:47
30 CENTRONE Ivan Luxembourg 4:46