Vum 1. Mee unAus der Ekipp Sky gëtt d'Ekipp Ineos

RTL Lëtzebuerg
Zanter knapp 10 Joer dominéiert d'Ekipp Sky de Cyclissem. Elo ass d'Ekipp verkaaft ginn.
© AFP (Archiv)

D’Medien-Entreprise Sky hat am Dezember 2018 bekannt ginn, datt ee sech aus dem Cyclissem géing zeréckzéien. U sech sollt dat eréischt um Enn vun der Saison sinn, ma elo geet alles méi séier, well de Milliardär Jim Ratcliffe huet d’Ekipp kaaft. De Brit wäert mat der Chemie-Entreprise Ineos vum 1. Mee un déi komplett Finanzéierung iwwerhuelen.

Den 1. Mee gëtt domadder aus der Ekipp Sky d’Ekipp Ineos.

Back to Top
CIM LOGO