Vuelta: 6. EtappBei der Victoire vum Jay Vine iwwerhëlt de Remco Evenepoel de Maillot Rouge

RTL Lëtzebuerg
Op der sechster Etapp vun der Vuelta vu Bilbao op San Miguel de Aguayo gouf et no ronn 182 Kilometer eng Victoire vum Jay Vine.
© AFP

Op der éischter richteger Biergetapp vun dëser Vuelta war et un de Grimpeure fir sech auszezeechnen. Et war eng serréiert Etapp bei där d’Wierder och net richteg matgespillt huet, soudatt bei reenereg-niwwelege Konditioune gefuer gouf. An der Schlussmontée konnt sech de 26 Joer alen Australier JayVine vun der Konkurrenz ofsetzen. Hie konnt net méi ageholl ginn, soudatt hien als Éischten iwwert d’Arrivée fiert. Dëst 15 Sekonne virum belsch RemcoEvenepoel a 16 Sekonne virum Spuenier EnricMas. De BobJungels, deen op dëser Etapp nees gutt fir säi Leader Ben O’Connor geschafft huet, kënnt als 89. mat engem Retard vu 26 Minutten a 40 Sekonnen iwwert de wäisse Stréch. Den AlexKirsch gëtt den 145. op 26 Minutten an 53 Sekonnen.

Am General ass den 22 Joer ale Belsch RemcoEvenepoel elo den neie Leader. Dëst mat enger Avance vun 21 Sekonnen op den Zweetplacéierte RudyMolard. Op der drëtter Plaz steet den EnricMas mat engem Retard vun 28 Sekonnen. De BobJungels ass iwwerdeems den 92.. Hien huet e Retard vu 37 Minutten an 48 Sekonnen. Den Alex Kirsch ass elo den 134. mat engem Retard vun 51 Minutten an 21 Sekonnen.

D’Klassement vun der Etapp

1 VINE Jay Alpecin-Deceuninck 4:38:00
2 EVENEPOEL Remco Quick-Step Alpha Vinyl Team 0:15
3 MAS Enric Movistar Team 0:16
4 AYUSO Juan UAE Team Emirates 0:55
5 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 1:37
6 SIVAKOV Pavel INEOS Grenadiers ,,
7 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers ,,
8 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe ,,
9 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers ,,
...
89 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team 26:40
145 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 26:53

De General

1 EVENEPOEL Remco Quick-Step Alpha Vinyl Team 20:50:07
2 MOLARD Rudy Groupama - FDJ 0:21
3 MAS Enric Movistar Team 0:28
4 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma1:01
5 AYUSO Juan UAE Team Emirates 1:12
6 SIVAKOV Pavel INEOS Grenadiers 1:27
7 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers ,,
8 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 1:34
9 YATES Simon Team BikeExchange - Jayco 1:52
10 ALMEIDA João UAE Team Emirates 1:54
...
92 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team 37:48
134 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 51:21

Back to Top
CIM LOGO