
Den Dän Mattias Skjelmose ass de Leader vun Trek–Segafredo fir d’Generalklassement. De Gewënner vum Tour de Luxembourg vum leschte Joer gehéiert mat 22 Joer zu de groussen Talenter am Vëlossport a war dës Saison schonn den 2. am Etoile de Bessèges a 5. am Tour des Alpes Maritimes et du Var. De Mads Pedersen geet op Etappejuegd.
Den Alex Kirsch war a senger Virbereedung an Andorra am Training gefall an huet doropshi manner kënnen trainéiere wéi geplangt. Dat hat awer net vill Afloss op seng Leeschtung an den éischte Courssen. Paris–Nice ass wichteg en Vue vum Rescht vun der Saison.
Et ka gutt sinn, datt den Alex Kirsch souwuel beim Giro d’Italia an dem Tour de France un den Depart wäert goen. Dat wier eng Première fir den 30 Joer ale Coureur. Et ass gewosst, datt de Mads Pedersen de Lëtzebuerger bei deene Courssen, wou hien un den Depart geet, gären u senger Säit huet.