
Als Drëtte konnt sech den Dän Julius Johansen klasséieren. Um Mëttwoch gëtt eng wallonéiert Etapp iwwer 150 Kilometer gefuer. Bei den Damme war et schonn déi drëtten a leschten Etapp. Hei gouf et en australeschen Triplé. D’Grace Brown, déi sech op Grond vun hirer Etappë-Victoire um leschten Dag och am Generalklassement konnt duerchsetzen, konnt sech hei virum Armanda Spratt an dem Giorgia Williams behaapten. Am General hat d’Damme vun FDJ - SUEZ eng Avance vun 10 Sekonnen op dArmanda Spratt.
A béide Coursse sinn a ware keng Lëtzebuerger Sportler dobäi. D’Courssen an Australien sinn déi éischten an der World Tour an dëser nach jonker Saison.
D’Top 10 vun der Etapp
1 BETTIOL Alberto EF Education-EasyPost 0:06:19
2 SHEFFIELD Magnus INEOS Grenadiers 0:08
3 JOHANSEN Julius Intermarché - Circus - Wanty 0:10
4 GROVES Kaden Alpecin-Deceuninck 0:11
5 GAZE Samuel Alpecin-Deceuninck ,,
6 PAGE Hugo Intermarché - Circus - Wanty 0:12
7 MAYRHOFER Marius Team DSM 0:13
8 STEIMLE Jannik Soudal - Quick Step ,,
9 VINE Jay UAE Team Emirates 0:14
10 MATTHEWS Michael Team Jayco AlUla ,,