
Op der 4. Etapp vun der Vuelta goung et iwwer wallonnéiert 206,7 Kilometer vun Susa an Italien op Voiron a Frankräich. Do konnt de Ben Turner sech am Sprint duerchsetzen. De Lëtzebuerger Bob Jungels ass en Dënschdeg zäitgläich als 68. iwwert d’Arrivée gefuer.
De Leader am General, Jonas Vingegaard, an den Zweeten David Gaudu sinn zäitgläich mam Ben Turner iwwert d’Arrivée gefuer. Doduerch, datt de Fransous sech als 25. besser klasséiert huet, wéi den Dän als 42., iwwerhëlt de Gaudu d’Féierung am General. De Vingegaard läit do zäitgläich op Plaz 2.
Fréi hat seng Echappée vu 5 Coureuren ofgesat. Si konnte sech awer keng all ze grouss Avance erausfueren. Ronn 90 Kilometer virun der Arrivée huet de Peloton de Spëtzegrupp agefaangen. An der Suite goufen et zwar nach vereenzelt Attacken, ënner anerem eng vum Bruno Armirail. De Fransous gouf awer an der Schlussphas nees agefaangen. 10 Kilometer viru Schluss gouf et eng Chute am Peloton, ënner anerem den Jay Vine an den George Bennett si gefall. Doduerch gouf de Grupp an d’Längt gezunn. Et koum zum Massesprint an do hat de Ben Turner déi séierste Been. Op d’Plazen 2 an 3 koumen déi zwee Alpecin-Deceunick-Coureuren Jasper Philipsen an Edward Planckaert.
Neie Leader am General ass domadder den David Gaudu. De Jonas Vingegaard läit zäitgläich op der 2. Plaz. De Bob Jungels ass do den 90. op ronn 8 Minutten.
Op der 5. Etapp ass d’Vuelta fir d’éischte Kéier dëst Joer a Spuenien. E Mëttwoch steet een Ekippen-Zäitfueren iwwer 24,1 Kilometer zu Figueres um Programm.
1 Turner Ben INEOS Grenadiers 4:50:14
2 Philipsen Jasper Alpecin - Deceuninck ,,
3 Planckaert Edward Alpecin - Deceuninck ,,
4 Vernon Ethan Israel - Premier Tech ,,
5 Biermans Jenthe Arkéa - B&B Hotels ,,
6 Pedersen Mads Lidl - Trek ,,
7 Christen Fabio Q36.5 Pro Cycling Team ,,
8 Aular Orluis Movistar Team ,,
9 Silva Guillermo Thomas Caja Rural - Seguros RGA ,,
10 Buratti Nicolò Bahrain - Victorious ,,
...
68 Jungels Bob INEOS Grenadiers ,,
1 Gaudu David Groupama - FDJ 15:45:50
2 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike ,,
3 Ciccone Giulio Lidl - Trek 0:08
4 Bernal Egan INEOS Grenadiers 0:14
5 Pidcock Thomas Q36.5 Pro Cycling Team 0:16
6 Hindley Jai Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
7 Buitrago Santiago Bahrain - Victorious ,,
8 Jorgenson Matteo Team Visma | Lease a Bike ,,
9 Kuss Sepp Team Visma | Lease a Bike ,,
10 Ayuso Juan UAE Team Emirates - XRG ,,
...
90 Jungels Bob INEOS Grenadiers 07:56