Omloop Het Nieuwsblad - DammenBlaak gewënnt - Majerus ass d'Course net op en Enn gefuer

RTL Lëtzebuerg
Victoire fir d'Hollännerin Chantal Blaak beim Omloop Het Nieuwsblad. D'Christine Majerus ass gefall a konnt d'Course net weider fueren.
© afp

Déi séierste Cyclistin war d’Chantal Blaak mat enger Zäit vun 3 Stonnen 20 Minutten an 58 Sekonnen. Déi zweet Plaz um Podium goung un d’Marta Bastianelli. Der Italienerin hire Réckstand loung bei 1 Minutt an 9 Sekonnen op d’Blaak aus Holland. Op den drëtten Träpplek vum Podium konnt d’Jip Van den Bos klammen, si war um Enn zäitgläich mat der Zweetplacéierter.

D’Christine Majerus (Boels – Dolmans) ass bei hirer 7. Participatioun beim Omloop Het Nieuwsblad d’Course net op en Enn gefuer. D’Lëtzebuerger Championne ass fir den Optakt vun de Stroossen-Coursen um Kilometer 50 schwéier gefall a konnt deemno net méi op de Suedel klammen.

Klassment

1 BLAAK Chantal (NED) BOELS DOLMANS CYCLINGTEAM 3:20:58
2 BASTIANELLI Marta (ITA) Team Virtu Cycling 0:01:09
3 VAN DEN BOS Jip (NED) BOELS DOLMANS CYCLINGTEAM 0:01:09
4 VAN VLEUTEN Annemiek (NED) Mitchelton Scott 0:01:09
5 RYAN Alexis (USA) CANYON / /SRAM Racing 0:01:09
6 KOREVAAR Jeanne (NED) CCC - LIV 0:01:09
7 BIANNIC Aude (FRA) MOVISTAR TEAM WOMEN 0:01:09
8 DE VUYST Sofie (BEL) PArkhotel Valkenburg 0:01:09
9 MALLING SIGGAARD Christina (DEN) Team Virtu Cycling 0:01:09
10 MACKAIJ Floortje (NED) Team Sunweb 0:01:09

DNF Christine Majerus (Boels-Dolmans)

Back to Top
CIM LOGO