Iwwer 201,1 km ass et vu Kuurne op Bréissel an nees hannescht op Kuurne gaangen, wou zum Schluss zu Kuurne zweemol en Tour vu 15,3 km gefuer gouf. 12 méi oder manner schwéier Hiwwele gouf et ze bewältegen, woubäi déi lescht 50 km just nach flaach waren. E puer Pavé-Stécker hunn dëser Course awer nach eng weider Schwieregkeet dobäi ginn. Mam Bob Jungels, Alex Kirsch a Jempy Drucker waren och dräi Lëtzebuerger bei dëser Course dobäi.
D’Lëtzebuerger hu sech gewisen
De Bob Jungels huet eng ganz staark Leeschtung gewisen a louch vum Kilometer 155 u mat un der Spëtzt. Och den Alex Kirsch war mat vir dobäi, mä huet sech dono nees missen an de Peloton zeréckfale loossen.
16 km virun der Arrivée hat sech de Bob Jungels vu senge leschte Begleeder ofgesat, huet et eleng probéiert a konnt wéi am Zäitfueren de Virsprong ëmmer weider ausbauen. Ma zumools de Jempy Drucker huet immens Tempo gemaach an de Virsprong schmëlze gelooss. De Bob Jungels huet awer resistéiert a wënnt - duerch eng ganz staark Leeschtung zum Schluss - en solitaire Kuurne-Brussel-Kuurne.
De Jempy Drucker gëtt no senger staarker Leeschtung de 34. an den Alex Kirsch koum als 59. op d’Arrivée.
Den Alex Kirsch hat et gepackt, mat an d’Echappée ze kommen an hat mat 6 weidere Coureuren no 127 km virun der Arrivée e Virsprong vun 2 Minutten a 45 Sekonnen. Dëse Virsprong konnte si natierlech net halen an et gouf weider Attacken aus dem Peloton eraus. Sou ass 77 km virun der Arrivée mam Bob Jungels e weidere Lëtzebuerger an d’Spëtzegrupp dobäi komm an deen hat direkt e puer Coequipieren mat dobäi.
De Peloton konnt dono de Réckstand op d’Spëtzegrupp allerdéngs ëmmer weider verklengeren, wat dem Bob Jungels awer net gefall huet an hien huet 65 km virun der Arrivée um Pavé attackéiert. Zesumme mam Magnus Cort, Sebastian Langeveld, Oliver Naesen an Davide Ballerini konnt hien d’Avance ausbauen an d’Spëtzeleit haten no 160 km eng Avance vu ronn 1 Minutt op de Peloton, an deen den Alex Kirsch mëttlerweil och nees zeréckgefall war.

De Virsprong huet sech du stabiliséiert an ass an de Kilometeren dono weider ëmmer bei ongeféier 1 Minutt bliwwen.
Kuerz virum éischte Passage op der Arrivée hunn d’Leit vir awer ugefaangen, Sekonnen ze verléieren an hunn alles misse ginn, fir de Peloton weider op Distanz ze halen.
Wärend de Jempy Drucker am Peloton fir Tempo gesuergt huet, huet de Bob Jungels 16 km virun der Arrivée un der Spëtzt attackéiert, huet et eleng probéiert a konnt sech direkt e puer Sekonnen erausfueren. E puer Kilometer virun der Arrivée huet de Peloton awer richteg Tempo gemaach a konnt den Ecart nees verklengeren. Mä de Bob Jungels huet resistéiert a wënnt Kuurne-Brussel-Kuurne en solitaire.
1 JUNGELS Bob (LUX) DECEUNINCK - QUICK - STEP 4:42:54
2 DOULL Owain (GBR) TEAM SKY 0:00:12
3 TERPSTRA Niki (NED) DIRECT ENERGIE 0:00:12
4 GROENEWEGEN Dylan (NED) Team Jumbo - Visma 0:00:12
5 LAMPAERT Yves (BEL) DECEUNINCK - QUICK - STEP 0:00:12
6 SENECHAL Florian (FRA) DECEUNINCK - QUICK - STEP 0:00:12
7 KEUKELEIRE Jens (BEL) LOTTO SOUDAL 0:00:12
8 GREIPEL André (GER) team ARKEA - samsic 0:00:12
9 DE BUYST Jasper (BEL) LOTTO SOUDAL 0:00:12
10 BARBERO Carlos (ESP) MOVISTAR TEAM 0:00:12
.
.
34 DRUCKER Jean-Pierre (LUX) BORA - HANSGROHE 0:01:01
.
.
59 KIRSCH Alex (LUX) TREK - SEGAFREDO 0:02:31
Télégramme de félicitation du Ministre des Sports Dan Kersch à l’attention de Bob Jungels, vainqueur de Kuurne - Bruxelles - Kuurne ! (3.3.2019)Un nouveau grand numéro de Bob Jungels !
L’ouverture officielle de la saison cycliste en Belgique n’aurait pu se faire de meilleure façon pour les couleurs luxembourgeoises qu’en cette année 2019.
Jempy Drucker, 6e du “Het Nieuwsblad” hier avec Bob Jungels à la 16e place derrière son coéquipier et vainqueur, Zdenek Stybar, voilà que nos deux compatriotes se sont mis en évidence de nouveau dans le final du Kuurne-Bruxelles-Kuurne, précurseur des grandes classiques flandriennes à venir en avril prochain.
Toujours aux avant-postes de la course dans les 50 derniers kilomètres, Bob Jungels s’est échappé en solitaire à 16 Km de l’arrivée pour s’imposer à sa manière, en rouleur irrésistible, devant tout un peloton lancé à ses trousses et longtemps emmené par .... Jempy Drucker.
Voilà en tout cas une victoire que le cyclisme luxembourgeois n’aura pas volée, Bravo Bob !
Quel nouveau bel exploit de ta part en ce début de saison qui s’annonce des plus passionnantes pour les amateurs de cyclisme au Grand-Duché !
s. Dan Kersch
Ministre des Sports
Communiqué par le Ministère des Sports