
Mam Kevin Geniets, Alex Kirsch, Michel Ries a Bob Jungels, sinn dëst Joer 4 Lëtzebuerger mat dobäi. Fir de Bob Jungels ass et den zweeten Asaz fir dës Saison mat senger neier Ekipp.
Déi éischte Course vum Bob Jungels mat senger neier Ekipp BORA, war den Tour duerch Valencia. Hei ass ënnert anerem op der 3. Etapp eng 2. Plaz erausgesprongen. Duerno ass et nees an Trainingslager op Teneriffa gaangen. Elo stinn 8 Etappen um Programm a praktesch alleguerten déi grouss Nimm si mat dobäi.
Bob Jungels: “Paris-Nice ass ëmmer den éischte Gradmiesser fir déi grouss Coureuren. De Pogacar ass mat dobäi och de Vingegaard. Et ass ee ganz interessante Plateau.”
Am Ufank vun enger Saison ass et schwéier ze soen, wou ee genee steet. De Bob Jungels kléngt awer ganz optimistesch.
Bob Jungels: “Ech spiere mech gutt, meng Wäerter si gutt. Et steet elo näischt esou direkt am Wee. All Mënsch dee Paris-Nice awer schonns gesinn huet dee weess, dat vum éischte bis de leschten Dag vill ka geschéien.”
BORA geet mat enger ganz staarker Ekipp a Paris-Nice eran. Ënnert anerem mam Maximilian Schachmann deen “Course au Soleil” schonns 2 Mol konnte gewannen. Nieft him dierft de Bob Jungels och eng interessant Roll spillen am General. D’Ekipp wëll awer och op Etappe-Victoire fueren.
Bob Jungels: "Mir hunn de Bennett fir d’Sprinter. Mir hunn de Maximilian Schachmann a mech fir de General, respektiv fir Etappen. Wann’s de bei Paris-Nice Etappe gewënns, da bass de meeschtens am General och mat dobäi. De Max huet schonns 2 Mol Paris-Nice gewonnen. Ech denken, datt vun der Ekipp aus grouss Ambitiounen do sinn.” Paris-Nice fänkt e Sonndeg un an dauert bis e Sonndeg 8 Deeg. All Etapp gëtt live bei eis op der Tëlee an am Stream iwwerdroen.