
Elleng de Kader vum fonkelneie Vëlo kascht 12.000 Euro. Den Teammachine SLR Mpc baséiert sech op de liichte semi-aero Vëlo, deen de Jungels fir seng Victoire op der néngter Etappe gefuer ass. Seng Mecaniciene wäerten eng Rei vu perséinleche Komponente wéi Suedel a Pedalle bäifüge mussen, fir datt de Jungels kann domadder fueren.
AG2R Citroën, dem Lëtzebuerger Champion am Zäitfuere seng Ekipp, huet och warscheinlech net misse fir d’Gerüst vum Vëlo bezuelen, well d’Gefier vu ville Marke gesponsert ass. Si wäerten de Vëlo och bestëmmt no der Course erëm u BMC zeréckginn.