Tour de France FemmesChristine Majerus dierft 2023 nees mat um Depart sinn

RTL Lëtzebuerg
Dass d'Arrivée net zu Paräis ass, gesäit d'Lëtzebuergerin als net schlëmm. Eppes wat bei den Hären Traditioun ass, misst dat net och bei den Damme ginn.
© RTL-Archiv

Genee wéi bei den Hären, gouf och en Donneschdeg de Parcours vum Tour de France Femmes bekannt ginn. 8 Etappe gi gefuer an den Depart ass den 23. Juli. Genee wéi bei der éischter Oplag, dierft aus Lëtzebuerger Siicht och nees d’Christine Majerus mat dobäi sinn.

Dëst Joer hat den Tour de France net optimal fir d’Christine Majerus ugefaangen. Op der éischter Etapp ass d’Lëtzebuergerin op den Champs Elysées gefall, si konnt awer weider fueren. Dat nächste Joer ass den Depart net zu Paräis, mee zu Clermont-Ferrand an d’Arrivée ass och net an der franséischer Haaptstad, wéi dat bei den Hären de Fall ass, mee zu Pau.

Christine Majerus:Bei den Hären ass et eng Traditioun. Mee wat bei den Hären Traditioun ass, muss net bei eis Traditioun sinn. Vun deem hier sinn ech op fir nei Saachen. Clermont-Ferrand ass sécher eng schéi Stad an da wäerte mir dohinner fueren.”

Den Tour de France Femmes hat et dëst Joer vum Parcours hir a sech. Déi nächsten Editioun awer och.

Christine Majerus: "Ech géif soen, datt et een Tick méi schwéier wier wéi dat leschte Joer. Déi Etapp, déi flaach oder fir d’Sprinter annoncéiert sinn, déi gesi mir awer nach komplizéiert aus. Et ass méi interessant fir Echappéeën, méi eng oppen an aggressiv Course.”Déi schwéiersten Etapp ass déi virleschten. Déi kënnt um legendären Tourmalet un.

Christine Majerus: "Et muss ee sech och bewosst sinn, datt de Col d’Aspin virdrun ass. Wëll heeschen, et ass fëlleg genuch an d’Ecarte sinn trotz der kuerzer Distanz grouss.”Déi 4. Etapp ass mat 177 Kilometer déi Längsten. Fir Dammen ass dat schonns eng Mammutdistanz, déi awer beim Christine Majerus op wéineg Géigeléift stéisst.

Christine Majerus: “Dat leschte Joer hu mir gesinn, datt déi längsten Etapp déi langweilegste war. Ech sinn ëmmer der Meenung, datt ee muss ee gesonde Mëttelwee fannen. Wa se awer dobäi ass, da fuere mir se och. Kee Problem!”

Op den 8 Etappen, déi gefuer ginn, mussen d’Dammen am Ganzen 956 Kilometer zeréck leeën.

Back to Top
CIM LOGO