VëlossportChristine Majerus huet d'Olympesch Spiller 2024 zu Paräis am Viséier

RTL Lëtzebuerg
Dat nächste Joer sinn d'Olympesch Summerspiller zu Paräis. Fir vill potenziell Kandidaten ass dëst Joer awer schonns d'Qualifikatiounsjoer fir Olympia.

Eng Lëtzebuerger Kandidatin ass d’Christine Majerus. Fir d’Christine Majerus wieren d’Olympesch Spiller zu Paräis schonns déi véiert hannerteneen. 2012 ass zu London eng 21. Plaz erausgesprongen, 4 Joer drop zu Rio koum d’Lëtzebuerger Championne op déi 18. Plaz an 2021 zu Tokio war et eng 20. Plaz. Fir elo zu Paräis nees mat dobäi ze sinn, ass et wichteg, an den nächste Wochen a Méint déi néideg Punkten ze sammelen.

Christine Majerus iwwer Olympia/Reportage Rich Simon

Et ass eng aner Saison. Et ass eng fir d’Olympiaqualifikatioun. Et gëllt, sech iwwer eng Lëtzebuerger Quoteplaz fir 2024 ze qualifizéieren an dat geet nëmmen iwwer UCI-Punkten. UCI-Punkte si mäin Haaptzil dëst Joer. Entweder oft e puer Punkte siche goen oder e puermol grouss Punkte siche goen. Dat ass mir a sech egal, esoulaang ech zum Schluss vun der Saison genuch Punkten hunn. Dat ass definitiv mäin Zil.

D’Christine Majerus weess, datt et net einfach gëtt, fir déi néideg Punkte fir d’Olympesch Spiller zu Paräis ze sammelen. Et ass wichteg, datt d’Courssen an och d’Roll an deene Coursse mat der Ekipp ofgestëmmt gëtt.

Ech hoffen, datt mir dat mat den Ambitioune vun der Ekipp a menger Aufgab als Equipière ënnert een Hutt kréien. Si wësse vun der Situatioun an och mengen Ambitiounen. Si waren och ganz oppen, fir mir do ze hëllefen, fir dat Zil sichen ze goen. Ech hoffen, datt mir am Oktober kënne soen: “Mir hunn et geschafft”.

Eng Méiglechkeet, fir Punkte fir Olympia op de Kont ze kréien, ass de Klassiker Paris-Roubaix. Deen ass am Abrëll d’Haaptzil vun der éischter Hallschent vun der Saison fir d’Christine Majerus.

Back to Top
CIM LOGO