Healthy Ageing TourChristine Majerus kënnt bei Victoire vum Lotta Lepistö op déi 3. Plaz

RTL Lëtzebuerg
D'Lotta Lepistö huet e Mëttwoch déi éischt Etapp vum Healthy Ageing Tour virum Lisa Klein an der Lëtzebuergerin Christine Majerus gewonnen.
© Archiv

Op der éischter Etapp hunn d’Cyclistinnen ee Parcours vu ronn 15 Kilometer ronderëm Borkum 7 Mol misse fueren. De Parcours selwer huet net immens vill Schwieregkeeten gehat, ma de Wand huet d’Course op de schmuele Stroossen dunn awer ëm sou méi schwéier gemaach.

Doduerch war d’Course da vun Ufank un immens animéiert a mouvementéiert. De Peloton ass fréi explodéiert an et si vill kleng Gruppen entstanen. Ongeféier 30 Kilometer virun der Arrivée huet dunn d’Ekipp Boels Dolmans, fir déi och d’Lëtzebuerger Championne fiert, fir den Tempo gesuergt an esou konnt sech ee Spëtzegrupp mat 14 Damme forméieren. Hei mat dobäi waren, nieft dem Christine Majerus, d’Favoritinne Kirsten Wild, Amy Pieters, Jolien d’Hoore, d’Ellen van Dijk, d’Lorena Wiebes an och déi spéider Gewënnerin Lotta Lepistö. Mam d’Hoore an dem Pieters hat d’Christine Majerus dann och zwou Teamkomerodinnen un hirer Säit.

3 Kilometer virun der Arrivée hat d’Alice Barnes dunn eng weider Attack lancéiert, ma si sollt et net bis op d’Arrivée packen, well d’Ekipp Boels Dolmans, gréisstendeels a Persoun vum Amy Pieters, si nees anhuele konnt. An der leschter Kéier ass d’Lorena Wiebes dunn nach gefall, esou dass fir verschidden Dammen de Sprint net méi ze gewanne war. Hei war et dunn um Enn d’Lotta Lepistö vun der Ekipp Trek-Segafredo dat déi séierst Been hat. De Podium gouf komplettéiert vum Lisa Klein vun der Ekipp Canyon Sram an dem Christine Majerus.

Fir d’Lëtzebuerger Championne ass et deen éischte Podium an der Stroossesaison. Am General ass si elo och déi Drëtt, dat op 6 Sekonnen.

En Donneschdeg steet dann déi zweet Etapp um Programm. D’Course dauert nach bis e Sonndeg.

Klassement vun der Etapp

1 Lepistö Lotta Trek-Segafredo Women
2 Klein Lisa Canyon SRAM Racing
3 Majerus Christine Boels - Dolmans Cycling Team
4 Wild Kirsten WNT-Rotor Pro Cycling
5 Guarischi Barbara Team Virtu Cycling
6 van Dijk Ellen Trek-Segafredo Women
7 Koster Anouska Team Virtu Cycling
8 Roberts Jessica Great Britain
9 van Gogh Natalie Biehler Pro Cycling Team
10 d’Hoore Jolien Boels - Dolmans Cycling Team

General no der Etapp

1 Lepistö Lotta Trek-Segafredo Women
2 Klein Lisa Canyon SRAM Racing 0:01
3 Majerus Christine Boels - Dolmans Cycling Team 0:06
4 d’Hoore Jolien Boels - Dolmans Cycling Team 0:08
5 Pieters Amy Boels - Dolmans Cycling Team ,,
6 van Dijk Ellen Trek-Segafredo Women 0:09
7 Koster Anouska Team Virtu Cycling ,,
8 Wild Kirsten WNT-Rotor Pro Cycling 0:10
9 Guarischi Barbara Team Virtu Cycling ,,
10 Roberts Jessica Great Britain ,,

Back to Top
CIM LOGO