De Festival Elsy Jacobs huet mëttlerweil Traditioun am Grand-Duché. Fir déi 12. Kéier fiert de Weekend en Deel vun der Weltelite am Dammevëlo Course zu Lëtzebuerg. D’Christine Majerus huet nach keng Editioun verpasst a setzt natierlech alles drun, fir hiren Succès vun 2017 ze widderhuelen. Einfach gëtt dat awer net.
Et ass eng besonnesch Course fir d’Christine Majerus, net nëmmen, well hire Club ZaF Zéisseng de Festival Elsy Jacobs organiséiert. Dräi Mol war d’Christine Majerus dat 3. op enger Etapp. Zwee Mol huet si de Bouquet souguer mat heem geholl. 2017 huet d’Proficyclistin vun Boels Dolmans net nëmmen eng Etapp, mä och de General gewonnen. Dëse Succès ze widderhuelen, gëtt sécher schwéier, mä no engem schlechten Depart an d’Saison mat zwou Chutte schéngt d’Form elo ze stëmmen.
An der Healthy Ageing Tour war d’Christine dat Aacht ginn, am Tour duerch Yorkshire souguer dat Véiert am General. D’Leeschtunge ware gutt an de leschte Wochen, trotzdeem geet d’Lëtzebuerger Championne mat engem klengen Desavantage an d’Course.
Boels-Dolmans huet sech decidéiert, net un den Depart ze goen. Deemno start d’Christine Majerus mat der Lëtzebuerg Nationalekipp. Nieft de Roude Léiwinne geet och d’Andy Schleck Cycles Women Projet un den Depart vum Festival Elsy Jacobs.
Dëse start e Freideg um 18.30 Auer mat engem Prolog iwwer 2,7 Kilometer vu Koler op Garnech. E Samschdeg geet et iwwer 107 Kilometer ronderëm Stengefort an e Sonndeg stinn 111 Kilometer vu Garnech op Garnech um Programm.
D’lescht Joer huet nëmmen eng Sekonn op en zweete Succès gefeelt, mä dee gëtt et jo vläicht dëse Weekend.
D’Course kënnt dir exklusiv bei RTL suivéieren. Sief et live um Radio oder iwwert de Livestream op rtl.lu oder am Resumé owes am Journal.