Tour de France: 5. EtappClarke wënnt turbulent Pawee-Etapp, van Aert verdeedegt Giele Maillot

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch goung et op der 5. Etapp vum Tour de France iwwer 153,7 schwéier Kilometer vu Lille Métropole op Arenberg Porte du Hainaut.
Tour de France - 5. Etapp (Resumé)
Clarke wënnt turbulent Pawee-Etapp, van Aert verdeedegt Giele Maillot

Et war eng spektakulär Etapp mat ganzen 11 Pawee-Secteuren, wou et immens vill Iwwerraschunge gouf a wou vill Coureure Schwieregkeeten haten an Zäit verluer hunn. Virun allem huet d’Dominanz vu Jumbo-Visma e Mëttwoch ferm nogelooss. Natierlech gouf et och nees eng ganz Partie Chutten, och verschidde Favoritte sinn net verschount bliwwen, dorënner och de Maillot Jaune Wout van Aert, de Primoz Roglic an och den Geraint Thomas.

Allgemeng war et ee ganz schwéieren Dag fir déi meescht Favoritten. De Vainqueur vun de leschten zwou Editiounen, den Tadej Pogacar, war deen eenzege vun de Favoritten, dee vun dëser schwiereger Etapp profitéiere konnt. Roglic an O’Connor hu vill Zäit op hie verluer.

Um Enn vun der Etapp war et de Spëtzegrupp, deen iwwerraschend duerchkomm ass an aus dëser Echappée eraus war et de Simon Clarke, dee sech duerchsetze konnt, dat knapps virum Taco van der Hoorn. Den Tadej Pogacar ass mat 51 Sekonne Retard iwwer de wäisse Stréch gefuer. De Bob Jungels koum op déi 100. Plaz mat engem Retard vu 4 Minutten an 19 Sekonnen, de Kevin Geniets gouf den 108. op 5 Minutten a 5 Sekonnen, dat nodeems hie ganz laang vill fir säi Leader geschafft huet. Den Alex Kirsch gouf den 173. op 20 Minutten an 33 Sekonnen.

Am General goufen et iwwerdeems eng Partie Changementer, och wann de Wout van Aert säi Giele Maillot nach esou just verdeedegt krut. Hien huet 13 Sekonnen Avance op den Neilson Powless a 14 Sekonnen op den Edvard Boasson Hagen. Den Tadej Pogacar huet hei e Retard vun 19 Sekonnen. Hei ass de Bob Jungels den 72. op 4 Minutten a 14 Sekonnen, de Kevin Geniets ass den 78. op 5 Minutten a 24 Sekonnen. Den Alex Kirsch ass am General elo den 171. op 31 Minutten an 2 Sekonnen.

Replay vun der Etapp

Tour de France - 5. Etapp (Replay)
Kuckt déi 5. Etapp am Replay.

Resultat

General

Back to Top
CIM LOGO