VIDEO-ReportageCyclissem: Optakt vun de Fréijoersklassiker

RTL Lëtzebuerg
Direkt 4 Lëtzebuerger sinn dëse Weekend schonn beim Klassiker Omloop Het Nieuwsblad dobäi.
Den Alex Kirsch virun de Fréijoersklassiker
De Lëtzebuerger Profi-Cyclist am Interview.

Bob Jungels, Jempy Drucker, Alex Kirsch an Tom Wirtgen sinn déi 4 Coureuren, déi e Samschdeg beim Omloop Het Nieuwsblad dobäi sinn. Um kuerz no 11.30 Auer ass den Depart zu Gent, éier ganz schwéier 200 Kilometer bis ob Ninove um Programm stinn. Fir den Alex Kirsch, deen no e puer Joer an Pro-Continetal-Ekippen de Sprong an eng World-Tour-Formatioun fonnt huet, ass et un der Zäit, datt et elo endlech lass geet.

Bierger wéi Leberg, Berendries, Molenberg an Muur de Grammont sinn all Klassikerfrënn e Begrëff a fir de groussgewuese Lëtzebuerger geet et drëms, elo nei Aufgaben z’erfëllen.

Och wann de fréiere Roubaix Gewënner John Degenkolb et virzitt, den éischte Weekend auszeloossen, esou sti mat Stuyven, Theuns an dem Dän Mads Pedersen 3 Coureure vum Alex Kirsch senger Ekipp an der Startlëscht, déi alleguer ganz wäit Vir kënne matfueren.

D’lescht Joer gouf et beim Omnloop Het Niewusblad eng Victoire vum Michel Valgren, deen duerno och nach d’Amstel Gold Race konnt gewannen. E Samschdeg ginn et eng ganz Rei Favoritten an duerch eng Ännerung um Enn vum Parcours kann ee vun enger selektiver Course ausgoen.

Alles an Allem kann ee sech eng oppen Course erwaarden, wou och de Jempy Drucker, deen ouni Peter Sagan an der Ekipp duerchaus e bësse Fräiheet dierft hunn, an de Bob Jungels hiert d’Wuert dierfte matschwätzen, iwwerdeems den Tom Wirtgen wichteg Erfarung dierft sammelen.

Vu 14.15 Auer u si d’Kollege vun RTL Télé Lëtzebuerg Live mat dobäi, éier dir Kuurne-Bréissel-Kuurne den Sonndeg vun 15.15 Auer bei eis kënnt kucken.

Back to Top
CIM LOGO