Tour de Suisse: 4. EtappDaryl Impey wënnt am Sprint, keng gréisser Changementer am General

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch goung et op der 4. Etapp vum Tour de Suisse iwwer 190,8 Kilometer vu Grenchen op Brunnen.
© AFP (Archiv)

De Südafrikaner Daryl Impey huet sech am Massesprint virum Australier Michael Matthews an dem Dän Søren Kragh Andersen duerchgesat. De Bob Jungels koum an der nämmlechter Zäit op déi 47. Plaz.

Am General bleift de Stephen Williams och no der 4. Etapp de Leader am General. De Coureur aus Groussbritannien huet hei eng Avance vu 6 Sekonnen op den Andreas Kron aus Dänemark a vu 7 Sekonnen op säi Landsmann Geraint Thomas. Mat engem Retard vun 1 Minutt an 1 Sekonn läit de Bob Jungels hei op der 25. Plaz.

Klassement vun der 4. Etapp

1 IMPEY Daryl Israel - Premier Tech
2 MATTHEWS Michael Team BikeExchange - Jayco ,,
3 KRAGH ANDERSEN Søren Team DSM ,,
4 BETTIOL Alberto EF Education-EasyPost ,,
5 PIDCOCK Thomas INEOS Grenadiers ,,
6 ARANBURU Alex Movistar Team ,,
7 GROßSCHARTNER Felix BORA - hansgrohe ,,
8 BRAMBILLA Gianluca Trek - Segafredo ,,
9 BURGAUDEAU Mathieu TotalEnergies ,,
10 KÜNG Stefan Groupama - FDJ ,,
...
47 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team ,,

D’Generalklassement no der 4. Etapp

1 WILLIAMS Stephen Bahrain - Victorious
2 KRON Andreas Lotto Soudal 0:06
3 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 0:07
4 LEKNESSUND Andreas Team DSM ,,
5 KÜNG Stefan Groupama - FDJ 0:10
6 HIRSCHI Marc UAE Team Emirates ,,
7 KUSS Sepp Jumbo-Visma ,,
8 FUGLSANG Jakob Israel - Premier Tech ,,
9 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe ,,
10 YATES Adam INEOS Grenadiers ,,
...
25 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team 1:01

Back to Top
CIM LOGO