
D’Lëtzebuergerin war bei enger Course an Holland gefall an huet mussen un der Schëller operéiert ginn. E Samschdeg geet d’ Lëtzebuerger Championne awer elo nees un den Depart. Nämlech beim “Omloop Het Nieuwsblad”.
Fir d’Christine Majerus ass et schonns déi 16. Saison als Profi. Am Virfeld ënnerscheet se sech awer vun deenen aneren. No der Stroossesaison stoung normalerweis ëmmer eng kleng Paus um Programm, ier et da mat der Cyclocross-Saison weider gaangen ass. Déi ass awer wéinst der Blessure un der Schëller komplett ausgefall. D’Christine Majerus ass elo frou, fir dat et nees mat de Coursse lass geet. Déi Méint ouni Course hunn einfach gefeelt. Wann ee just trainéiere kann, da gëtt dat mat der Zäit langweileg.
Virun zwee Joer ass d’Christine Majerus den “Omloop Het Nieuwsblad”, eng leschte Kéier gefuer. Gewonnen huet hir deemoleg Equipière Anna van der Breggen. D’Christine Majerus koum op déi 26. Plaz, mat engem Retard vun 2 Minutten an 22 Sekonnen. Och dëst Joer huet si bei dëser éischter Course vun der Saison keng perséinlech Ambitiounen. Mat der Ekipp ass dat awer anescht: Mam Lotte Kopecky, dem Demi Vollering an dem Lorena Wiebes huet ee beim Team SD Worx direkt 3 waarm Eisen am Feier. Déi wëll d‘Christine Majerus, sou gutt et geet, ënnerstëtzen. D‘Lëtzebuergerin ass jiddwerfalls frou, datt si vun der Ekipp fir dës Course selektionéiert gouf. An dat op hirem 36. Gebuertsdag.
D’Haaptzil fir d’Christine Majerus ass an dësem Fréijoer nees de Klassiker Paris-Roubaix.