De Bob Jungels huet RTL gesot, datt seng Resultater aus dem Tour de Suisse a virun allem seng Etappevictoire am Tour de France d’Dier bei déi däitsch Ekipp opgemaach hunn.
Hien huet eis och nach gesot, datt hien dëst Joer nach d’Vuelta wäert fueren.
Op der Homepage vun der Ekipp BORA hansgrohe steet, de Lëtzebuerger hätt ee Kontrakt iwwer e puer Joer ënnerschriwwen. Et soll sech ëm op d’mannst zwee Joer handelen.
Déi leschten zwee Joer ass hie bei AG2R-Citroën gefuer. Dëst Joer war de Bob Jungels den 12. am Tour de France an huet och eng Etapp gewonnen.
Bei BORA hansgrohe ass och schonns de Jempy Drucker gefuer.