
Hei konnt de Christophe Laporte sech iwwer ronn 126 Kilometer um Enn d’Etappevictoire zu Vejle sécheren. De franséische Coureur ass zäitgläich mat ënner anerem dem Magnus Sheffield iwwer d’Arrivée gefuer a behält domat seng Avance op den US-Amerikaner.
D’Schlussvictoire ass soumat och fir de Laporte vun Jumbo-Visma, deen iwwer déi fënnef Etappen 4 Sekonne méi séier war wéi de Sheffield. Den Dän Mattias Skjelmose Jensen komplettéiert de Podium mat engem Retard vu 9 Sekonnen.
Den Tom Wirtgen huet op der leschter Etapp mat engem Retard vun 1 Minutt an 2 Sekonnen déi 34. Plaz beluecht. Domat huet de lëtzebuergesche Coureur sech am General nach op déi 48. Plaz eropgeschafft, dat mat engem Réckstand vun 11 Minutten an 33 Sekonnen.
1 LAPORTE Christophe Jumbo-Visma 17:01:20
2 SHEFFIELD Magnus INEOS Grenadiers +0:04
3 SKJELMOSE JENSEN Mattias Trek-Segafredo +0:09
4 KRAGH ANDERSEN Søren Team DSM +0:25
5 CORT Magnus EF Education-EasyPost +0:30
6 SCHMID Mauro Quick-Step Alpha Vinyl Team +0:42
7 VAN DIJKE Mick Jumbo-Visma +0:44
8 OLDANI Stefano Alpecin-Deceuninck +0:48
9 STUYVEN Jasper Trek-Segafredo +0:52
10 CHARMIG Anthon Uno-X Pro Cycling Team +0:56
...
48 WIRTGEN Tom Bingoal Pauwels Sauces WB +11:33