Gemeng Munneref"De Gréimelter": E Vëlodrom mat engem ganze Sportkomplex

Tom Flammang
En Dënschdeg den Owend hat d'Munnerefer Gemeng op eng Versammlung invitéiert, fir iwwert déi verschidde Schrëtt vum Bau ze informéieren.
Den nationale Vëlodrom gëtt zu Munneref gebaut
D’Bunn soll 250 Meter laang a 7 Meter breet ginn.

Gréimelter Vëlodrom zu Munneref / Reportage Rich Simon

De Projet vun engem Vëlodrom war jorelaang - wann net Joerzéngten een Thema - bis sech da konkretiséiert huet, datt zu Munneref géif eng zoue Pist fir d’Coureure gebaut ginn, zesumme mat engem grousse Sportkomplex. Munneref hat sech 2010 iwwregens als eenzeg Gemeng op een Appell gemellt, fir den néidegen Terrain zur Verfügung ze stellen. En Dënschdeg den Owend hat d’Munnerefer Gemeng op eng Versammlung invitéiert, fir iwwert déi verschidde Schrëtt vum Bau ze informéieren.

Zu Munneref wäert an den nächste Joren net nëmmen e Vëlodrom, ma e ganze Sportkomplex entstoen. Geplangt ass e Centre Aquatique mat verschiddene Basenge bannen a baussen, Rutschbunnen, ma awer kengem Wellness-Beräich. Och d’Nopeschgemenge sollen dovunner profitéiere kënnen. Zum Projet gehéiert och eng Sportshal mat 7 Unitéiten an ënnert anerem enger Klammmauer. Restauranten, Geschäfter an e Stockage fir d’Vëlosfederatioun ass virgesinn.

Zil ass et, datt de Sportkomplex net nëmme vun der Populatioun aus der Gemeng Munneref soll benotzt ginn, mä dat ganzt Land soll ugesprach ginn an esouwuel d’Hobbysportler wéi och d’Héichleechtungssportler sollen op hir Käschte kommen, sou de Buergermeeschter Steve Reckel.

De Projet soll am Ganzen 115 Milliounen Euro kaschten. De Vëlodrom, dee soll 50 Milliounen Euro soll kaschten, soll dobäi komplett vum Staat gedroe ginn. Am Ufank war gesot ginn, datt 70 Prozent vum Staat an 30 Prozent vun der Gemeng sollen iwwerholl ginn. Dat gouf deemno nach emol geännert. E Finanzéierungsgesetz huet dofir missen ausgeschafft ginn, ma gréng Luucht krut dëst bis ewell nach net. Wéi et en Dënschdeg den Owend vun offizieller Säit geheescht huet, soll dat awer nach dëst Joer geschéien.

Wéini genau mam Bau vum ganze Komplex ugefaange gëtt, ass bis ewell nach net gewosst. De Sportminister Georges Engel ass awer zouversiichtlech, datt et nach dës Legislaturperiod dozou kënnt.

Presentatioun vum Projet Vëlodrom
En Dënschdeg den Owend hat d’Munnerefer Gemeng op eng Versammlung invitéiert, fir iwwert déi verschidde Schrëtt vum Bau ze informéieren.

Back to Top
CIM LOGO