Vuelta: 8. EtappDe Jasper Philipsen wënnt de Sprint zu Zaragoza, Bob Jungels gëtt 46.

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg ass et fir d'Coureuren iwwer 163,5 Kilometer vu Monzón Templario op Zaragoza gaangen.
© AFP

Et war mol nees eng Etapp, déi de Sprinter d’Chance op eng Etappevictoire sollt ginn. Eng Echappée aus dräi spuenesche Coureuren hat sech fréi ofgesat, 17 Kilometer virun der Arrivée goufe si awer vum Peloton agefaangen.

Am Schlusssprint war et op en Neits de Jasper Philipsen, dee sech duerchsetze konnt a sech sou seng zweet Etappevictoire bei dëser Vuelta geséchert huet. De Belsch hat d’Nues virum Elia Viviani aus Italien an dem Britt Ethan Vernon.

De General bleift un der Spëtzt onverännert. Den Torstein Træen bleift am roude Maillot, dat virum Jonas Vingegaard (+2:33) an dem João Almeida (+2:41).

De Bob Jungels ass e Samschdeg an der selwechter Zäit wéi de Vainqueur als 46. iwwer d’Zillinn gefuer. Am General spréngt hien op Plaz 87, dat mat engem Retard vu weiderhin 38:28 Minutten.

D’Klassement vun der 7. Etapp

1 Philipsen Jasper Alpecin - Deceuninck 3:43:48
2 Viviani Elia Lotto ,,
3 Vernon Ethan Israel - Premier Tech ,,
4 Marit Arne Intermarché - Wanty ,,
5 Foldager Anders Team Jayco AlUla ,,
6 Coquard Bryan Cofidis ,,
7 Mihkels Madis EF Education - EasyPost ,,
8 Gruel Thibaud Groupama - FDJ ,,
9 Christen Fabio Q36.5 Pro Cycling Team ,,
10 Turner Ben INEOS Grenadiers ,,
...
46 Jungels Bob INEOS Grenadiers ,,

D’Generalklassement no 8 Etappen

1 Træen Torstein Bahrain - Victorious 29:01:50
2 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 2:33
3 Almeida João UAE Team Emirates - XRG 2:41
4 Ciccone Giulio Lidl - Trek 2:42
5 Fortunato Lorenzo XDS Astana Team 2:47
6 Jorgenson Matteo Team Visma | Lease a Bike 2:49
7 Hindley Jai Red Bull - BORA - hansgrohe 2:53
8 Pellizzari Giulio Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
9 Bernal Egan INEOS Grenadiers 2:55
10 Gall Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team 2:58
...
87 Jungels Bob INEOS Grenadiers 38:28

Back to Top
CIM LOGO