Vuelta: 7. EtappDe Jesús Herrada suergt fir déi zweet spuenesch Victoire

RTL Lëtzebuerg
Op der 7. Etapp vun der Vuelta ass et e Freideg iwwer 190 Kilometer vu Camargo op Cistierna gaangen. Am General ass an den Top 10 alles beim Ale bliwwen.
© AFP

Nodeems en Donneschdeg eng ustrengend Etapp um Programm vun der Vuelta stoung, war d’Etapp vun e Freideg, obschonns et eng Montée vun der éischter Kategorie ginn ass, eng vun deene méi liichten Etappen. D’Decisioun ëm d’Dagesvictoire sollt iwwerdeems am Sprint falen. Dëse konnt de Spuenier JesúsHerrada fir sech entscheeden. Op de Plazen Zwee an Dräi kommen den Italieener SamueleBattistella an den Englänner FredWright. De BobJungels gëtt den 99. mat engem Retard vun 29 Sekonnen. Den AlexKirsch kënnt als 140. iwwert d’Ligne d’Arrivée. Dëst mat engem Retard vu 15 Minutten an 38 Sekonnen.

Am General bleift op d’mannst bei de Spëtzepositiounen alles onverännert. De Leader ass weiderhin de Belsch RemcoEvenepoel. Dat 21 Sekonne virum Fransous RudyMolard an 28 Sekonne virum Spuenier EnricMas. De Bob Jungels verbessert sech am General iwwerdeems ëm 7 Plazen. Hei steet hien elo op der 85. Plaz mat engem Retard vu 37 Minutten an 48 Sekonnen op de Maillot Rouge. Den AlexKirsch verschlechtert sech dogéint op déi 143. Plaz. Hien huet e Retard vun enger Stonn, 6 Minutten an 30 Sekonnen.

D’Klassement vun der Etapp

1 HERRADA Jesús Cofidis 4:30:58
2 BATTISTELLA Samuele Astana Qazaqstan Team ,,
3 WRIGHT Fred Bahrain - Victorious ,,
4 JANSSENS Jimmy Alpecin-Deceuninck ,,
5 SWEENY Harry Lotto Soudal ,,
6 BENNETT Sam BORA - hansgrohe 0:29
7 STEWART Jake Groupama - FDJ ,,
8 GROVES Kaden Team BikeExchange - Jayco ,,
9 PEDERSEN Mads Trek - Segafredo ,,
10 MCLAY Daniel Team Arkéa Samsic ,,
...
99 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team 00:29
140 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 15:38

De General

1 EVENEPOEL Remco Quick-Step Alpha Vinyl Team 25:21:34
2 MOLARD Rudy Groupama - FDJ 0:21
3 MAS Enric Movistar Team 0:28
4 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma1:01
5 AYUSO Juan UAE Team Emirates 1:12
6 SIVAKOV Pavel INEOS Grenadiers 1:27
7 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers ,,
8 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 1:34
9 YATES Simon Team BikeExchange - Jayco 1:52
10 ALMEIDA João UAE Team Emirates 1:54
...
85 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team 37:48
143 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 1:06:30

Back to Top
CIM LOGO