Tour de France: 16. EtappDe Kanadier Hugo Houle gewënnt souverän an der okzitanescher Hëtzt

RTL Lëtzebuerg
Nom Roudag vun e Méinde stoung en Dënschdeg de Mëtten déi 16. Etapp vum Tour de France iwwer 178,5 Kilometer vu Carcassone op Foix um Programm.
Tour de France - 16. Etapp (Resumé)
De Kanadier Hugo Houle gewënnt souverän an der okzitanescher Hëtzt.

Nodeems eng sëllege Coureuren en Dënschdeg de Moie wéinst engem positive Corona-Test hu missen opginn, war gewosst, datt et fir verschidden Ekippen eng relativ schwiereg Etapp wäert ginn. Esou ass d’Ekipp AG2R - Citroën Team mam Lëtzebuerger Bob Jungels nëmmen nach mat dräi Coureuren un de Start gaangen.

Kuerz nom Ufank vun der Etapp huet sech relativ séier eng Echappée vun 29 Coureuren ofgesat. An dëser waren ënner anerem de grénge Maillot (Van Aert) an de Bierg-Trikot (Geschke) vertrueden, déi hir jeeweileg Maillote wollte verdeedegen. Mä och de Vlasov, deen nëmmen 10 Minutte Retard op de giele Maillot vum Vingegaard hat, konnt sech an der Echappée mat ofsetzen. An der Echappée gouf och gutt zesummegeschafft, soudatt se phaseweis eng Avance vun 8 Minutten erausfuere konnten.

Ronn 70 Kilometer viru Schluss, um Fouss vum Port de Lers, huet sech dës Echappée allerdéngs gespléckt. Virun allem en Trio ëm de Caruso konnt sech an enger éischter Instanz vum Rescht vun der Echappée ofsetzen. Kuerz virum Sommet vum Bierg vun der éischter Kategorie huet allerdéngs e weidere Grupp ëm de Van Aert an de Geschke zum Spëtzegrupp opgeschloss. De Vlasov hat iwwerdeems Krämpes, den Tempo am Bierg matzegoen an huet d’Spëtzt vun der Course missen zéie loossen, fir se an der Descente allerdéngs erëmzekréien.

Am Peloton hu sech iwwerdeems de Pogacar an de Vingegaard ofgetaascht a kuerz virum Sommet vum Port de Lers hu sech béid Coureuren zesumme mat engem klenge Grupp, an deem och de Bob Jungels an de Kevin Geniets waren, vum Peloton ofgesat.

Am zweete Bierg vun der éischter Kategorie, dem Mur de Péguère, war et virun allem den Houle, deen der Course un der Spëtzt de Stempel opgedréckt huet. Weder de Jorgenson, de Woods, de Storer nach een aneren aus der Echappée konnten den Houle richteg ënner Drock setzen, soudatt den Houle eleng un der Spëtzt fortfuere konnt. Iwwerdeems hunn am Grupp Maillot Jaune eng sëllege Favoritte misse Plomme loossen, dorënner ënner anerem de Bardet an de Yates.

Um Enn gewënnt de Kanadier Hugo Houle souverän déi 16. Etapp vum Tour de France 2022, gutt eng Minutt an 10 Sekonne virun de Verfolger Madouas a Woods. De Grupp mat de Favoritten ass mat 5 Minutten a 54 Sekonne Retard ukomm, soudatt sech bei deenen éischten Dräi am Klassement näischt verännert huet.

De Bob Jungels gëtt 30. mat 8 Minutten an 41 Sekonne Retard. Am General ass de Jungels elo de 15. op 26 Minutten a 6 Sekonnen.

De Kevin Geniets kënnt als 43. iwwert d’Arrivée op 16 Minutten an 28 Sekonnen. Am General ass hien elo de 50. op 1 Stonn 44 Minutten an 38 Sekonnen.

Replay vun der Etapp

Tour de France - 16. Etapp (Replay)
Kuckt déi 16. Etapp elo am Replay.

Resultat

General

Back to Top
CIM LOGO