Bei den Hären ass hannert dem Ken Conter den Däitsche Jannik Harig op déi 2. Plaz gefuer. Hien hat e Réckstand vu 4 Sekonnen. De Raphael Kockelmann huet de Podium mat engem Retard vu 16 Sekonne komplettéiert.
D’Isabelle Klein huet sech souverän mat engem Virsprong vun 32 Sekonne virum Rosanne Breugelmans aus der Belsch behaapt. D’Layla Barthels ass 53 Sekonnen hannert der Gewënnerin iwwer d’Arrivée gefuer.
D’Victoire bei de Masters goung un den Tommy Arnoldi, wärend sech de Fynn Ury bei de Junioren déi 1. Plaz geséchert huet. Bei den Debutanten ass de Yannis Lang hannert dem Italieener Flavio Astolfi op déi 2. Plaz gefuer.