Cyclocross-WM zu HoogerheideDe Léo Bisiaux wënnt bei de Junioren, den Noa Berton gëtt de 26.

RTL Lëtzebuerg
Zu Hoogherheide an Holland gouf et e Sonndeg de Moien bei de Junioren eng franséisch Victoire fir de Léo Bisiaux.
© Jonah Flammang

engem Retard vun 11 Sekonne klasséiert sech den Hollänner Senna Remijn op der zweeter Plaz. De Belsch Yordi Corsus konnt sech d’Bronze-Medail sécheren.

Eng staark Course ass de Lëtzebuerger Noa Berton gefuer. Nodeems hien am éischten Tour op der 16. Plaz louch, konnt hie sech um Enn ënner 70 Konkurrente mat engem Retard vun 1:56 Minutten als 26. klasséieren.

De Ryck Meylender ass den 59. ginn an de Fynn Ury konnt d’Course net op en Enn fueren.

Back to Top
CIM LOGO