Wéi de Coureur eis verroden huet, géif hie sech ëmmer erëm freeën, fir op dëse Stage ze kommen. Vill Meetingen a voll Trainig géif um Programm stoen. Deementspriechend hätt ee wéineg Zäit fir sech ze erhuelen. Ma bei deem gudde Wieder géif den Training och méi Spaass maachen.
De Kevin Geniets fiert zënter 2019 an der World Tour an zejoert war hien déi éischte Kéier als Profi op engem groussen Tour dobäi. Den nächste Schratt wier elo eng Course ze gewannen. Dorop schafft hien den Ament hin.
Seng Stäerkt ass, dat hien néierens Schwächten huet. Als ganz polyvalenten Hëllefer huet hie sech esou seng Platz op de grousse Course verdéngt.
Tejoert war hie beim Tour de Luxembourg net wäit vun enger Victoire ewech. D’nächst Saison hätt een ee gudde Grupp fir d’Klassiker am Fréijoer an den Tour wier natierlech hir wichtegst Course. Ma no 10 ustrengenden Deeg Training geet et fir d’éischt emol bei d’Famill op Lëtzebuerg.
Och säi 26. Gebuertsdag kann dee jonke Sportler den 9. Januar nach doheem feieren éier et op Teneriffa an den nächste Stage geet. Seng Saison fänkt dann de 17. Februar mam Tour du Var un.