
Groussen Dag fir de Mathieu Kockelmann - de lëtzebuergesche Coureur setzt sech am Massesprint duerch a gewënnt déi véierten Etapp vum Tour de l’Avenir. De Mil Morang klasséiert sech als 33., den Alexandre Kess gëtt dee 46., wärend den Arno Wallenborn op der 88. Plaz iwwert de Stréch fiert, alleguer an der Zäit vum Gewënner. Mat 29 Sekonne Retard klasséiert sech de Noe Ury op der 108. Plaz.
Den 21 Joer ale Mathieu Kockelmann vum Lotto Development Team ass réischt dee véierte Lëtzebuerger, deen am Tour de l’Avenir eng Etapp gewanne kann. Virun him war dat 1998 dem Benoît Joachim, 1973 dem Erny Kirchen an 1964 dem Johny Schleck gelongen.
Am Generalklassement féiert weider de Fransous Maxime Decomble. Beschte Lëtzebuerger ass op Plaz 8 den Arno Wallenborn, mat engem Retard vun 19 Sekonnen.
Bei dem Damme gouf et e Succès fir d‘Célia Gery aus Frankräich. D‘Marie Schreiber kënnt mat engem Retard vun 1 Minutt an 42 Sekonnen op déi 35. Plaz. D‘Liv Wenzel hat als 43. iwwer 3 Minutte Retard, als 43. op der Arrivée. D‘Gwen Nothum verléiert als 74. iwwer 8 Minutten.
D‘Kanadierin Isabella Holmgren féiert weider am General. D‘Marie Schreiber ass op der 33. Plaz, mat engem Retard vun 2 Minutten an 42 Sekonnen. D‘Liv Wenzel ass dat 38. op méi wéi 4 Minutte Retard an d‘Gwen Nothum huet op der 73. Plaz bal 38 Minutte Réckstand.