16. Etapp an der VueltaDe Marc Soler kënnt an der Biergetapp als Éischten an d'Zil

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg ass et bei der Vuelta iwwer 181 Kilometer vu Luanco op Lagos de Covadonga gaangen.
© ANDER GILLENEA / AFP

Bei der Vuelta gouf et op der 16. Etapp, enger Biergetapp, no 181 Kilometer eng Victoire vum Marc Soler. De Spuenier huet um Enn eng Avance vun 18 Sekonnen op den Italiener Filippo Zana a vun 23 Sekonnen op de Britt Max Poole.

Am Generalklassement bleift de Ben O‘Connor, deen en Dënschdeg 20. op 4 Minutten 52 gouf a ronn eng Minutt op de Sloween Primoz Roglic verluer huet, nach knapp am Maillot vum Leader. Den Australier huet elo just nach 5 Sekonnen Avance op de Roglic. Drëtten ass de Spuenier Enric Mas, 1 Minutt 25 hannert dem O‘Connor.

Kee gutt Enn hat déi 16. Etapp fir de Leader an der Punkte- an der Biergwäertung Wout van Aert. De Belsch war ronn 45 Kilometer virun der Arrivée gefall an huet mussen opginn.

Beim Tour duerch Spuenien ass kee Lëtzebuerger méi dobäi.

D’Klassement vun der Etapp

1 SOLER Marc UAE Team Emirates 4:44:46
2 ZANA Filippo Team Jayco AlUla 0:18
3 POOLE Max Team dsm-firmenich PostNL 0:23
4 VINE Jay UAE Team Emirates 0:57
5 IZAGIRRE Ion Cofidis 1:02
6 DEL TORO Isaac UAE Team Emirates 1:29
7 FRIGO Marco Israel - Premier Tech 1:35
8 RICCITELLO Matthew Israel - Premier Tech 1:47
9 MAS Enric Movistar Team 3:54
10 CARAPAZ Richard EF Education - EasyPost ,,

De General

1 O’CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team 65:09:00
2 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 0:05
3 MAS Enric Movistar Team 1:25
4 CARAPAZ Richard EF Education - EasyPost 1:46
5 LANDA Mikel Soudal Quick-Step 2:18
6 GAUDU David Groupama - FDJ 3:48
7 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 3:53
8 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek 4:00
9 LIPOWITZ Florian Red Bull - BORA - hansgrohe 4:27
10 SIVAKOV Pavel UAE Team Emirates 5:19

Back to Top
CIM LOGO