Wout van Aert muss no Kollisioun mat Fielswand bei der Vuelta opginn

© Unipublic/Cxcling/Toni Baixauli
Et ass einfach net dem Wout van Aert seng Saison. Ëmmer nees gëtt de Belsch duerch Chutten ausgebremst.
De Wout van Aert ass wärend der 16. Etapp vun der Vuelta an der Descente vum Collada Llomeda schwéier gefall an huet mussen opginn.
An der naasser Descente vum Bierg vun der éischter Kategorie war ronn 45 Kilometer virun der Arrivée fir d'éischt den Jayco-AlUla-Profi Engelhardt ewechgerutscht, de Van Aert konnt net méi auswäichen an ass mat der rietser Säit an de Fiels gerannt. De Belsch war no der Chute nees op de Vëlo geklommen, ma huet e puer Kilometer drop wéinst senge Blessure mussen opginn.
D'Vuelta ass fir den 29 Joer ale Coureur bis déi 16. Etapp richteg gutt verlaf. Hien huet dräi Etappe gewonnen an hat den Trikot vum beschte Punkte- a Biergfuerer op senge Schëlleren.
D'Victoire vu béide Wäertunge wier him de facto net méi ze huele gewiescht, nodeems hien en Dënschdeg déi zwou Biergwäertunge vun der éischter Kategorie gewonnen hat a seng Féierung nach emol kloer ausgebaut hat.
De Wout an Aert huet sech bei senger Kollisioun mat der Fielsmauer näischt gebrach. Dat huet seng Ekipp matgedeelt, nodeems de Cyclist am Spidol ënnersicht gouf. Wéi de Programm vum 29 Joer ale Coureur lo wäert ausgesinn, bleft ofzewaarden. Normalerweis hätt hien d'nächst Woch bei der Europameeschterschaft an der Belsch sollen un de Depart goen. Enn September sollt d'Weltmeeschterschaft zu Zürech um Programm stoen.
E Sonndeg kënnt d'Vuelta zu Madrid un.
Fir de Wout van Aert ass et déi zweet schwéier Chute an dëser Saison. Scho bei Dwars door Vlaanderen am Fréijoer war de Van Aert esou schwéier gefall, datt hien d'Fréijoersklassiker an den Giro d'Italia verpasst huet.
Déi aktuell Chute bremst hien eng weider Kéier aus. Enn September gëtt d'WM am Cyclissem gefuer. De Circuit vum d'Zäitfueren den 22. September a vun der Stroossecourse den 29. September kommen him entgéint.