
E Samschdeg ass et am Nomëtteg fir déi 2. Etapp vun der Vuelta iwwer 175 Kilometer vun ’s-Hertogenbosch op Utrecht an Holland gaangen.
Ronn 45 Kilometer virun der Arrivée konnt de Spuenier Luis Angel Mate sech ofsetzen an eng Avance vu ronn 30 Sekonnen erausfueren, ma ronn 25 Kilometer drop gouf hien nees vum Peloton agefaangen.
Um Enn konnt sech de Sam Bennett am Massesprint virum Mads Pedersen an dem Tim Merlier duerchsetzen. Opgrond vum Ekippenzäitfueren geet de roude Maillot awer un de Mike Teunissen vun Jumbo-Visma.
Den Alex Kirsch ass iwwerdeems gudde 16. op der 2. Etapp ginn, woumat hien am General den 33. ass. De Bob Jungels ass iwwerdeems den 125. ginn, am General läit hien op der 113. Plaz.
1 BENNETT Sam BORA - hansgrohe 3:49:34
2 PEDERSEN Mads Trek - Segafredo ,,
3 MERLIER Tim Alpecin-Deceuninck ,,
4 TEUNISSEN Mike Jumbo-Visma ,,
5 ACKERMANN Pascal UAE Team Emirates ,,
6 MCLAY Daniel Team Arkéa Samsic ,,
7 EINHORN Itamar Israel - Premier Tech ,,
8 STEWART Jake Groupama - FDJ ,,
9 DEGENKOLB John Team DSM ,,
10 GROVES Kaden Team BikeExchange - Jayco ,,
...
16 KIRSCH Alex Trek - Segafredo ,,
125 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team ,,
1 TEUNISSEN Mike Jumbo-Visma 4:14:14
2 AFFINI Edoardo Jumbo-Visma 0:04
3 OOMEN Sam Jumbo-Visma ,,
4 ROGLIČ Primoz Jumbo-Visma ,,
5 KUSS Sepp Jumbo-Visma ,,
6 HAYTER Ethan INEOS Grenadiers 0:12
7 CARAPAZ Richard INEOS Grenadiers 0:13
8 SIVAKOV Pavel INEOS Grenadiers ,,
9 RODRIGUEZ Carlos INEOS Grenadiers ,,
10 EVENEPOEL Remco Quick-Step Alpha Vinyl Team 0:14
...
43 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 0:42
80 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team 0:55