
E Méindeg kruten de Mathias Norsgaard (Moviestar) an de Jarrad Drizners (Lotto-Soudal) d’Nouvelle matgedeelt. En Dënschdeg sinn dann nach de Britt Ethan Hayter (Ineos), den Australier Harry Sweeny (Lotto-Soudal), an de Spuenier José Herrada (Cofidis) positiv getest ginn.
Déi aner Fäll goufen déi Deeg virdru festgestallt, dorënner ënner anerem den Anthony Delaplace (Arkéa) an de Wout Poels (Bahrain-Victorious).
E Mëttwoch ass e weidere Coureur, dee sech mam Virus ugestach huet, dobäikomm. De 5. am General, de Simon Yates, huet e Mëttwoch de Moien an engem Schreiwes verëffentlecht, datt hien dowéinst net un den Depart vun der 11. Etapp goe kann.
Scho beim Tour de France goufe 17 Cycliste positiv op Covid-19 getest. De Chris Froome, de véierfache Vainqueur vum Tour de France, huet do ënner anerem missten opginn.