
D’Decisioun ëm d’Etappevictoire sollt, wéi esou dacks an dësem Tour du Limousin, nees am Massesprint falen. Hei konnt sech um Enn de 25 Joer alen Italiener VincenzoAlbanese duerchsetzen. Dëst virum Schlussgewënner AlexAranburu aus Spuenien, dee bei all Etapp um Podium gelant ass. Déi drëtt Plaz geet iwwerdeems un den Italiener DiegoUlissi.
De Kevin Geniets ass e Freideg d’Etapp wéinst liichte Knéiproblemer net op en Enn gefuer. De Michel Ries gëtt iwwerdeems de 96. mat engem Retard vun 9 Minutten an 10 Sekonnen.
Am General huet sech bei de Positioune vun den éischten Dräi näischt geännert. Den AlexAranburu gewënnt um Enn mat engem Virsprong vun 10 Sekonne virum DiegoUlissi. Déi drëtt Plaz geet un de GregvanAvermaet, deen e Retard vun 18 Sekonnen op de spuenesche Vainqueur huet. De MichelRies schléisst den Tour als 76. of. Dëst mat engem Retard vun 21 Minutten an 52 Sekonnen.
1 ALBANESE Vincenzo EOLO-Kometa 3:56:00
2 ARANBURU Alex Movistar Team ,,
3 ULISSI Diego mUAE Team Emirates ,,
4 MENTEN Milan Bingoal Pauwels Sauces WB ,,
5 VENTURINI Clément AG2R Citroën Team ,,
6 PRADES Eduard Caja Rural - Seguros RGA ,,
7 TRENTIN Matteo UAE Team Emirates ,,
8 MADOUAS Valentin Groupama - FDJ ,,
9 BARTHE Cyril B&B Hotels - KTM ,,
10 HARDY Romain Team Arkéa Samsic ,,
...
96 RIES Michel Team Arkéa Samsic 9:10
1 ARANBURU Alex Movistar Team 16:46:28
2 ULISSI Diego UAE Team Emirates 0:10
3 VAN AVERMAET Greg AG2R Citroën Team 0:18
4 MADOUAS Valentin Groupama - FDJ 0:19
5 ROTA Lorenzo Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 0:22
6 COSNEFROY Benoît AG2R Citroën Team ,,
7 ZANA Filippo Bardiani-CSF-Faizanè 0:24
8 MARTIN Guillaume Cofidis ,,
9 MARIAULT Axel Team U Nantes Atlantique ,,
10 OLIVEIRA Rui UAE Team Emirates 1:20
...
76 RIES Michel Team Arkéa Samsicm 21:52