Tour de FranceDéi 110. Editioun vum TDF start den 1. Juli zu Bilbao am spuenesche Baskeland

Tom Flammang
Duerno ass nach eng Arrivée a Spuenien, ier déi 3. Etapp zu Bayonne a Frankräich ukënnt.
Den Tour de France 2023 gouf presentéiert
6 Collen an de Pyrenäen an duerno 13 an den Alpen stinn um Programm.

6 Collen an de Pyrenäen an duerno 13 an den Alpen stinn um Programm.

Den 1. Juli hëlt de Peloton vum Tour de France den Depart zu Bilbao. Zwou komplett Etappe ginn am Baskeland gefuer ier et dann a Frankräich eriwwer geet. Duerno komme schonns relativ séier d’Pyrenäen an dat geet et erop op de Puy de Dôme. Fir den RTL Expert Kim Kirchen, den éischte groussen Highlight vun der Grand Boucle. Kim Kirchen: “Dat gëtt ganz sécher den éischte groussen Highlight. Do kanns du dech net méi verstoppen. Do wäerten d’Favoritte sech bekucken, eruntaaschten an deen een oder anere wäert probéiere schonns eng Avance erauszefueren.”Wärend 5 Deeg sinn d’Coureuren an den Alpen ënnerwee, wou och den eenzegen Contre la Montre gefuer gëtt. Kinneksetapp ass déi 17. mam Col de la Loze virun der Arrivée zu Courchevel.Kim Kirchen: “Bis op 2.300 Meter. Ech mengen datt dat Differenz wäert maachen. Op e Neits ee ganz schwéieren Tour an där dote Phase. Dëst Joer, wéi och schonns dat leschte Joer, mat net vill Zäitfueren. Alleguerten déi Leit, déi gutt am Biergop sinn, déi kommen an de Genoss ee gutt Resultat ze maachen. Et dierft een Tour sinn, deen de Fransousen dierft entgéint kommen.”Déi virlescht Etapp kéint d’Klassement zum Deel nach eng Kéier op d’Kopp dréinen. Et geet iwwer ganz schwéier 133 Kilometer duerch d’Vogesen.Kim Kirchen: “Et ka gutt sinn, datt dat um Enn kann d’Differenz maachen. Co-Equipieren, déi net méi en même si fir d’Course ze kontrolléieren um zweetleschten Dag. Wien do Reserven huet, dee wäert nach alles eng Kéier op eng Kaart setzen. Ech sinn der Meenung, datt mir och do ee ganz spannenden Tour de France kréien.”D’Arrivée vun der Vogesen Etapp ass um “Markstein”. Méi no kënnt den Tour de France dëst Joer net u Lëtzebuerg erun. D’Arrivée ass sonndes den 23. Juli no 3.404 Kilometer op de Champs Elysées zu Paräis.

DatumEtappKm
1. JuliBilbao-Bilbao182
2. JuliVitoria-Gasteiz - San Sebastian209
3. JuliAmorebieta-Etxano - Bayonne185
4. JuliDax-Nogaro182
5. JuliPau-Laruns165
6. JuliTarbes-Cauterets145
7. JuliMont-de-Marsan - Bordeaux170
8. JuliLibourne-Limoges201
9. JuliSaint-Léonard-de-Noblat - Puy de Dôme184
10. JuliRepos
11. JuliVulcania-Issoire167
12. JuliClermont-Ferrand - Moulins180
13. JuliRoanne - Belleville-en-Beaujolais169
14. JuliChâtillon-sur-Chalaronne - Grand Colombier138
15. JuliAnnemasse-Morzine152
16. JuliLes Gets - Saint-Gervais-Mont-Blanc180
17. JuliRepos
18. JuliPassy-Combloux (clm)22
19. JuliSaint-Gervais-Mont-Blanc - Courchevel166
20. JuliMoûtiers - Bourg-en-Bresse186
21. JuliMoirans-en-Montagne - Poligny173
22. JuliBelfort - Le Markstein133
23. JuliSaint-Quentin-en-Yvelines - Paris115

Tour de France Femmes

Och déi 2. Editioun vum Tour de France Femmes gouf presentéiert. Den Depart ass den Dag, wou d’Hären zu Paräis ukommen.D’Damme starten awer zu Clermont-Ferrand. Am Ganze sti fir si 8 Etappen um Programm, mat engem Total vun 956 Kilometer.D’Haaptschwieregkeet ass den zweetleschten Dag d’Arrivée uewen um Tourmalet an de Pyrenäen.D’Arrivée ass den 30. Juli zu Pau, wou ee Contre la Montre iwwer 22 Kilometer gefuer gëtt.

Replay: Déi komplett Presentatioun vum Tour de France 2023
D’Arrivée ass sonndes den 23. Juli no 3.404 Kilometer op de Champs Elysées zu Paräis.

www.letour.fr

Back to Top
CIM LOGO