
Déi 1. Etapp, dënschdes den 13. September geet vun der Stad iwwer Eschduerf, Stafelter zeréck op de Kierchbierg. Et geet op där Etapp schonn iwwer 4 kategoriséiert Koppen.
Déi 2. Etapp huet hire Start zu Jonglënster, vu wou aus et op Schëffleng geet. Hei gëtt sech eng Arrivée fir d’Sprinter erwaart, och wann de Col de l’Europe mat um Menü du Jour steet.
D’Kinneksetapp geet dann donneschdes vu Rouspert op Dikrech. Hei stinn an de leschte Kilometer zwou Montéeën “hors catégorie” op der Dagesuerdnung.
Um 4. Dag steet dann en individuellt Zäitfueren un, dat vu Réimech iwwer Schengen zeréck op Réimech geet, dat iwwert eng Distanz vu 25 Kilometer.
D’Final gëtt da vu Miersch aus an Ugrëff geholl. Et geet iwwert d’Éisleker Koppen, duerno dann 3 mol de Pabeierbierg erop, éier an der Stad dann d’Arrivée ass, fir erauszefannen, wien de Successeur gëtt vum Joao Almeida, deen d’Editioun 2021 gewonnen hat.