
D’Etappevictoire vun e Mëttwoch geet iwwerdeems un de Fransous Romain Grégoire. Hie konnt sech am Schlusssprint géint seng Konkurrente Loe van Belle an Davide Pignazoli duerchsetzen. Am Schlusssprint war och de Lëtzebuerger Arthur Kluckers mat vun der Partie. Hie kënnt als 12. zäitgläich mam Vainqueur vun der Etapp un. Den zweetbeschte Lëtzebuerger ass de Mats Wenzel op der 45. Plaz mat engem Retard vun enger Minutt an 19 Sekonnen. Duerno sinn d’Lëtzebuerger Cédric Pries, Tom Paquet a Loïc Bettendorff op de Plazen 69, 74 a 75 op der Arrivée ukomm. Allendräi hate si e Retard vu 5 Minutten an 30 Sekonnen.
De Leader am General ass den däitsche MichelHessmann. Dëst virum Britt ThomasGloag mat engem Retard vu 25 Sekonnen a sengem Landsmann HannesWilkisch op 33 Sekonnen. De beschte Lëtzebuerger, den ArthurKluckers, steet hei op der 11. Plaz. Den Ament huet hien e Retard vun enger Minutt an 41 Sekonnen.
Am Ekippeklassement steet Lëtzebuerg iwwerdeems mat engem Retard vu 7 Minutten an 22 Sekonnen op der 10. Plaz.
De MatsWenzel huet e Mëttwoch de Maillot fir de beschte Grimpeur verluer. Do läit hien den Ament op der 4. Plaz mat engem Réckstand vu 14 Punkten.
1 GRÉGOIRE Romain France 3:04:08
2 VAN BELLE Loe Netherlands ,,
3 PIGANZOLI Davide Italy ,,
4 HESSMANN Michel Germany ,,
5 DINHAM Matthew Australia ,,
6 GLOAG Thomas Great Britain ,,
7 LOPEZ Harold Martin Ecuador ,,
8 HAJEK Alexander Austria ,,
9 VAN EETVELT Lennert Belgium ,,
10 BAUDIN Alex France ,,
...
12 KLUCKERS Arthur Luxembourg ,,
45 WENZEL Mats Luxembourg 1:19
69 PRIES Cedric Luxembourg 5:30
74 PAQUET Tom Luxembourg ,,
75 BETTENDORFF Loïc Luxembourg ,,
1 HESSMANN Michel Germany 16:08:43
2 GLOAG Thomas Great Britain 0:25
3 WILKSCH Hannes Germany 0:33
4 VAN EETVELT Lennert Belgium 0:35
5 LECERF William Junior Belgium 0:48
6 STAUNE-MITTET Johannes Norway 0:56
7 HAYTER Leo Great Britain 1:01
8 VAN BELLE Loe Netherlands 1:07
9 UIJTDEBROEKS Cian Belgium 1:16
10 PIGANZOLI Davide Italy 1:29
11 KLUCKERS Arthur Luxembourg 1:41
...
27 WENZEL Mats Luxembourg 3:34
50 PRIES Cedric Luxembourg 7:11
68 BETTENDORFF Loïc Luxembourg 11:10
73 PAQUET Tom Luxembourg 12:14
1 Germany 47:26:59
2 Belgium 0:12
3 Norway 0:33
4 Italy 1:47
5 France 2:04
6 Great Britain 2:53
7 Czech Republic 4:32
8 Kazakhstan 5:42
9 Spain 6:35
10 Luxembourg 7:22