Bei den Hären huet sech an der 78. Editioun vum Omloop Het Nieuwsblad ronn 40 Kilometer viru Schluss eng Echappée aus de véier Coureuren Dylan van Baarle, Florian Vermeersch, Jonathan Milan a Mathis Le Berre ofgesat. Doropshin huet de Lëtzebuerger Kevin Geniets sech mam Jasper Stuyven aus dem Peloton ofgesat, ma och si konnten net verhënneren, dass d’Avance vun der Spëtzegrupp méi grouss ginn ass, a goufen dunn nees vun enger Grupp aus ronn 25 Coureuren ageholl.
20 Kilometer virun der Arrivée hate just nach de van Baarle an de Le Berre un der Spëtzt eng Avance vu knapp 40 Sekonnen op de Peloton. No enger weiderer Montée war den Hollänner van Baarle e puer Kilometer drop mat enger Avance vu ronn 15 Sekonnen eleng un der Spëtzt. Iwwert de Bosberg konnte seng Verfolger den Ecart net verréngeren, deen an der Suite nees méi grouss ginn ass.
Um Enn gewënnt den Dylan van Baarle domat mat enger Avance vu 20 Sekonnen op de jonke Belsch Arnaud De Lie. Komplettéiert gëtt de Podium vum Fransous Christophe Laporte. Fir de Kevin Geniets ass et iwwerdeems fir déi 27. Plaz (+0:28 Sekonnen) duergaangen, wärend den Alex Kirsch als 74. (+2:46 Sekonnen) iwwer d’Arrivée gefuer ass.
1 VAN BAARLE Dylan Jumbo-Visma 4:54:49
2 DE LIE Arnaud Lotto Dstny +0:20
3 LAPORTE Christophe Jumbo-Visma ,,
4 KRISTOFF Alexander UNO-X Pro Cycling Team ,,
5 PIDCOCK Thomas INEOS Grenadiers ,,
6 BALLERINI Davide Soudal - Quick Step ,,
7 POLITT Nils BORA - hansgrohe ,,
8 PASQUALON Andrea Bahrain - Victorious ,,
9 OLIVEIRA Rui UAE Team Emirates ,,
10 VANMARCKE Sep Israel - Premier Tech ,,
...
27 GENIETS Kevin Groupama - FDJ +0:28
74 KIRSCH Alex Trek - Segafredo +2:46
Bei den Dammen ass et iwwerdeems an der 15. Editioun iwwer ronn 132 Kilometer vu Gent op Ninove gaangen. Hei gouf et eng Victoire fir d’Lotte Kopecky. Déi belsch Coureuse konnt sech mat enger Avance vun 11 Sekonnen op d’Hollännerin Lorena Wiebes an d’Italienerin Marta Bastianelli duerchsetzen. D’Lëtzebuergerinnen Nina Berton a Christine Majerus sinn iwwerdeems op déi 46. respektiv 53. Plaz komm, allebéid mat engem Retard vun 2:04 Minutten.
1 KOPECKY Lotte Team SD Worx 3:32:54
2 WIEBES Lorena Team SD Worx +0:11
3 BASTIANELLI Marta UAE Team ADQ ,,
4 NORSGAARD Emma Movistar Team ,,
5 GEORGI Pfeiffer Team DSM ,,
6 KOSTER Anouska Uno-X Pro Cycling Team ,,
7 TON Quinty Liv Racing TeqFind ,,
8 SCHWEINBERGER Christina Fenix-Deceuninck ,,
9 PALADIN Soraya Canyon//SRAM Racing ,,
10 LONGO BORGHINI Elisa Trek - Segafredo ,,
...
46 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling +2:04
53 MAJERUS Christine Team SD Worx ,,