Vuelta: 8. EtappDen Jay Vine feiert seng zweet Etappevictoire

RTL Lëtzebuerg
Den Australier behaapt sech virum Marc Soler an dem Rein Taaramäe, wärend de Remco Evenepoel am Maillot Rouge bleift.
© AFP

Um Samschdeg ass et bei der 8. Etapp iwwer ronn 153 Kilometer vu La Pola Llaviana op Colláu Fancuaya-Yernes y Tameza gaangen.

Scho fréi konnt sech eng Echappée aus enger Partie Coureuren ofsetzen, dorënner den Thibaut Pinot an de Maillot Rouge Remco Evenepoel, vun deenen déi meescht bis zum Schluss net méi vum Peloton ageholl konnte ginn. Um Enn setzt sech den Jay Vine duerch, deen e puer Kilometer virun der Arrivée nach eemol den Tempo ugezunn huet. Den Australier wënnt um Enn mat 43 Sekonne Virsprong op de Marc Soler an op de Rein Taaramäe. De Bob Jungels gëtt iwwerdeems den 83. op der 8. Etapp, wärend den Alex Kirsch sech mat der 111. Plaz muss zefridde ginn.

Am General bleift de Remco Evenepoel am Maillot Rouge, wärend de Rudy Molard bis op déi 30. Plaz zréckfält. Den Evenepoel huet elo eng Avance vun 28 Sekonnen op de Spuenier Enric Mas an 1 Minutt an 1 Sekonn op de Primoz Roglic. Hei verbessert de Bob Jungels sech ëm 4 Plazen an ass elo den 81. mat engem Retard vu 50 Minutten an 9 Sekonnen. Och den Alex Kirsch verbessert sech ëm 5 Plazen a läit elo op der 138. Plaz, dat mat engem Réckstand vun enger Stonn, 29 Minutten a 35 Sekonnen.

D’Klassement vun der Etapp

1 VINE Jay Alpecin-Deceuninck 4:05:25
2 SOLER Marc UAE Team Emirates +0:43
3 TAARAMÄE Rein Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
4 PINOT Thibaut Groupama - FDJ +0:47
5 EVENEPOEL Remco Quick-Step Alpha Vinyl Team +1:20
6 MAS Enric Movistar Team ,,
7 ROGLIC Primoz Jumbo-Visma ,,
8 YATES Simon Team BikeExchange - Jayco +1:33
9 RODRIGUEZ Carlos INEOS Grenadiers ,,
10 REICHENBACH Sébastien Groupama - FDJ +1:42
...
83 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team +13:41
111 KIRSCH Alex Trek - Segafredo +24:25

De General

1 EVENEPOEL Remco Quick-Step Alpha Vinyl Team 29:28:19
2 MAS Enric Movistar Team +0:28
3 ROGLIC Primoz Jumbo-Visma +1:01
4 RODRIGUEZ Carlos INEOS Grenadiers +1:47
5 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers +1:54
6 AYUSO Juan UAE Team Emirates +2:02
7 YATES Simon Team BikeExchange - Jayco +2:05
8 ALMEIDA João UAE Team Emirates +2:44
9 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe +2:51
10 O’CONNOR Ben AG2R Citroën Team +2:59
...
81 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team +50:09
138 KIRSCH Alex Trek - Segafredo +1:29:35

Back to Top
CIM LOGO